Life of BryanPolitik a Spiller: Muss dat sinn?

Iwwert déi lescht puer Joer ass et an der Spill-Industrie ëmmer méi dacks zu Diskussiounen iwwer Politik a Spiller komm.

15.10.2019, 14:26:28

© YouTube Screenshot

Far Cry 5 - e Spill, an deem den US-Bundesstaat Montana vu chrëschtleche Fanatiker muss befreit ginn. The Division 2, an deem Washington D.C. vun Elite-Zaldote muss gerett ginn. Oder The Last of Us 2, an deem bei der Ukënnegung gewise gouf, dass d’Heldin vum Spill homosexuell ass.

Si Spiller wierklech méi politesch ginn? Ech géing soe Jo an Nee.



Politesch Themen, Ideologien a Messagë ware schonn ëmmer do.

Bioshock, wuel eent vun de beschte Spiller an der Spill-Geschicht, huet seng ganz Welt a Story ronderëm en ideologesche Konflikt kreéiert. Deus Ex, en aneren Industrie-Veteran, spillt an enger Welt, an där Firmen a Kapitalismus alles diktéieren. Duke Nukem, ee Spill iwwert en wäissen Uber-Macho, Fraen an der enger Hand, Waffen an der anerer; sinn dës Klassiker net all politesch?



Den Ënnerscheed läit manner dorunner, dass an eiser Zäit méi Politik a Spiller ass, mee éischter, dass mer als Gesellschaft eis vill méi bewosst vu politeschen Theme si wéi fréier. Verstäerkt gëtt dëst, dass hautdesdaags eng gréisser Diversitéit un Ideologien duergestallt gëtt, vun deenen eng Rei da villäicht géint eis eege ginn.

Politeschen a soziale Kommentare sinn en essentiellen an integrale Bestanddeel vu Bicher, Filmer a Spiller a sinn dacks en Zeeche vun enger Industrie, déi erwuesse gëtt.

Dat heescht natierlech net, dass all Spill ee Message muss hunn, mee eng Spill-Industrie ouni Kommentar ze verlaangen ass menger Meenung no einfach nëmme kanneregt Verhalen.