Kee wëll se iessenKeng Schoko-Pizza méi

Den Hiersteller vun Tiefkühlpizzaen huet seng Kreatioun mat Schockela vum Marché geholl, dat well d'Nofro ze kleng war.

Leschten Update: 21.10.2019, 07:26:03

© pexels.com

Eng Pizza mat Schockela ass schonn e bëssen ongewéinlech. Ma d'Entreprise Dr. Oetker hat et awer gewot. Mee keen, oder nëmme wéineg Leit, wollten se iessen.

Well d'Nofro ze kleng war, huet d'Entreprise d'Pizza vum Marché geholl. Zënter dem Summer géif d'Tiefkühlpizza net méi ausgeliwwert ginn, sot ee Spriecher vun der Entreprise géintiwwer Medien. Et géinge jo ëmmer nees Neiheete ginn, dofir misst een ale Produit och mol Plaz fir een neie Produit maachen, wann d'Nofro net méi entspriechend ass.

Wéi d'Pizza am Abrëll 2017 op de Marché komm ass, huet dës fir vill Opmierksamkeet gesuergt, virun allem an de soziale Medien. Am Ufank hat een nach geduecht, et wier een Abrëllsgeck. Um Enn war et awer keen. 12 Méint no der Aféierung war de Produit well ugepasst ginn an et krut een dëse just nach an der klenger Variant. Elo ass d'Pizza ganz vum Marché.