London CallingPop-up Shop: London am Pokémon-Féiwer

E Pokémon-Buttek suergt fir groussen Undrang an der britescher Haptstad.

Leschten Update: 21.10.2019, 15:17:19

© Serge Reuter

London ass jo bekannt fir seng vill Pop-up Restauranten a Shops, sief dat eng Game of Thrones-Bäckerei, en Harry Potter-Buttek oder och eng Banksy-Galerie. Zënter dem leschte Weekend awer gëtt et nees en neie Kult Pop-up Shop am Weste vu London, nämlech deen alleréischte Pokémon-Zenter a Groussbritannien.

Lauschtert hei de Reportage:


Pokémon ass, an dat wëssen déi mannste Leit, dat erfollegräichste Videospill an déi Film-Mark op der Welt - wäit viru Star Wars, Marvel an dem Mario. Mëtt November kënnt dann dat neiste Spill an der Serie eraus an dëst huet sech staark u Groussbritannien inspiréiert. Aus deem Grond krut London eben elo dëse Pop-up Shop. Weltwäit ginn et just 14 permanent Pokémon-Butteker, 13 a Japan an een zu Singapur. De Pop-up Shop zu London ass also eng richteg Raritéit.

© Serge Reuter


Wien dann an dëse Buttek wëll, dee muss 3 Saache matbréngen: Gedold, en décke Portmonni an de Wëllen, fréi opzestoen. Wie mat den Éischte wëll sinn, deen um 10 Auer moies an de Buttek gelooss gëtt, dee muss sech spéitstens um 6 Auer an d’Schlaang stellen. Wann ee géint 8 kënnt, muss ee ronn 9 Stonne waarden an no 11 Auer moies huet ee scho keng Chance méi et nach an de Buttek ze packen, ier dësen um 10 Auer owes zoumécht.

© Serge Reuter


Am Shop selwer kann een dann eng Rëtsch rar Petzien, Kleeder, Spiller a Stickere kafen. Passenderweis gëtt et och e Pikachu-Prabbeli an nach e puer aner méi kuriéis Saachen. Wien da selwer an de Pokémon-Center hei zu London wëll, dee muss sech bäimaachen. Den 18. November mécht de Buttek seng Dieren nees zou – an dat fir ëmmer.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter