VotingD'Eldo Jugendwuert vum Joer 2019!

Dir konnt tëscht 5 Wierder wielen. D'Eldo Jugendwuert vum Joer 2019 steet elo mat groussem Virsprong fest!

Leschten Update: 25.10.2019, 16:00:02

2012 war alles "Yolo", 2017 war d'Standard-Begréissung "I bims" an d'lescht Joer war d'Eldoland am Food Baby-Féiwer. Ma wien elo denkt, deen Niveau-Limbo versteet dach kee Mënsch, deen iert sech: Jugendwierder hu sech an den alldeegleche Sproochgebrauch ageschlach. Ma dëst Joer wéist de Langenscheidt-Verlag, vun deem normalerweis déi offiziell Ofstëmmung zum Jugendwuert kënnt, sech net vun hirer Ehrenmann/Ehrenfrau-Säit a léisst d'Wahl einfach ausfalen.


Mir hunn iech awer net am Stach gelooss an och dëst Joer nom Eldo-Jugendwuert gesicht, an dat zesumme mat IECH!

Dir Bratans a Bratinas, dir hutt är Proposen erageschéckt a konnt déi ganz Woch laang äre Gönnjamin maachen. Dir Habibis hutt alles ginn an aus 5 Wierder d'Eldoradio Jugendwuert vum Joer 2019 gewielt.

Laang ass ofgestëmmt an an de soziale Medien diskutéiert ginn. Ma mat 67,4% ass d'Decisioun relativ eendeiteg wat d'Eldo Jugendwuert vum Joer 2019 ass.

Mir kënnen elo alleguer zesumme feiere goen, genre schëdden! 

© Qualifio