No der LandungDe Fluchticket halen oder zerstéieren?

Op engem Fluchticket sti vill méi Informatiounen drop, wéi ee kéint mengen. Deelweis kënne friem Persounen domat duerchaus eppes ufänken.

Leschten Update: 21.10.2019, 16:01:54

© Eldoradio

Obwuel een an der Tëschenzäit, säi Fluchticket bequem um Handy ka späicheren an sech net permanent virum Fluch muss Suerge maachen, den Ticket och nëmmen net ze verléieren, ginn et trotzdeem Leit, déi sech hiren Ticket zur Sécherheet nach emol printen, respektiv kritt ee jo och dacks awer nach en Ticket vun der Fluchgesellschaft mat op de Wee. Ass een dann ukomm, da gëtt den Ticket meeschtens einfach ewechgehäit, et brauch een e jo net méi. 

Vill Informatiounen am Stréchcode

De Fluchticket ass net verwonnerlech voll mat Informatiounen, eng Rëtsch dovu si schonn einfach esou ouni Problem ofzeliesen. Léisst een den Ticket iergendwou leien oder deelt eng Foto dovun op Instagram kënnen anerer dorop den Numm, d'Fluchnummer an d'Sëtzplaz ofliesen.

Dat bréngt elo natierlech net wierklech engem eppes, ma da gëtt et jo och nach de Bar- oder QR-Code. An do stécht och esou munches dran, z.B. d'Buchungsnummer oder och nach d'Nummer fir déi verschidde Programmer fir Leit, déi vill fléien. Elo muss een déi just nach entziffere kënnen, ma dofir ginn et déi néideg Apps fir op de Smartphone oder Scanner am Internet. An dofir geet schonn eng Foto vum Ticket duer.

Numm, Familljennumm a Buchungsnummer

Op de Säite vu verschiddene Fluchlinne geet eleng d'Buchungsnummer zesumme mam Numm schonn duer, fir e Fluch ze stornéieren oder ëmzebuchen, wann een nach net agecheckt huet. Wëllt een sech elo um eegene Konto vun der Fluchlinn umellen, da gëtt een do awer an der Reegel e Code gefrot.
Ma och do kann een uginn, dass een deen net méi weess.

Während déi eng engem dofir en Ersatzcode op déi hannerluechten E-Mail-Adress schécken, ginn et der awer och, déi perséinlech Sécherheetsfroe stellen, z.B. den Numm vun de Mamm oder den Numm vum Hausdéier – Saachen, déi sech dacks relativ einfach via Facebook a Co. erausfanne loossen.

Vill Fluchgesellschaften hu Sécherheetsmesure getraff

Während vill Fluchlinnen zwar uroden den Ticket nom Fluch onlieserlech ze maache, respektiv net einfach um Fluchhafen oder am Fliger leien ze loossen, hunn der vill awer Sécherheetsmesure getraff, fir ze verhënneren, dass dee falsche mat den Informatiounen um Ticket wierklech eppes ufänke kann.

Méi wéi erauszefannen, wéi een heescht, wou ee souz a wou een hierkënnt, kann dann net geschéien. An domat kënnen déi meescht wuel liewen.

Links