Féx erkläertLuuchten am Fliger bei Start/Landung aus - wisou?

Ronderëm d'Fléie ginn et eng ganz Rei Mythen a Froen, ënnert anerem och wisou een d'Fensterblende wärend dem Start an der Landung muss ophunn...

28.10.2019, 12:30:28

© Pexels

Et ass jo kloer, dass d'Sécherheet am Fliger ganz grouss geschriwwe gëtt. Ma grad de Start an d'Landung sinn do déi kriteschst Momenter. Dat ass dann och de Grond wisou bei Nuetsflich d'Luucht an der Fligerkabinn reduzéiert oder ganz ausgeschalt gëtt. Erkläert gëtt dat domat, dass et eng reng Virsiichtsmoossnam ass.

D'Beliichtung gëtt de Konditioune vu baussen ugepasst. Sou kënne sech d'Ae vun de Passagéier an der Crew un d'Däischtert gewinnen, sou kann ee sech nämlech am Eeschtfall méi séier orientéieren. An der Theorie bréngt dat wäertvoll Zäit, déi ee beim Evakuéiere vum Fliger brauch.

Soubal de Fliger seng Héicht erreecht huet, gëtt an der Reegel nees all Luucht ugemaach, déi och normalerweis un ass. Dat passéiert gläichzäiteg mam Zeechen, dass ee sech net méi ustrécke muss.

Eng weider Fro déi ee sech stelle kann ass, wisou een d'Fënsterblende beim Start an der Landung muss op hunn. Déi ass genee sou séier beäntwert wéi d'Fro mat de Luuchten. Falls nämlech eppes sollt passéieren, da mussen d'Fluchbegleeder permanent ongehënnert zur Fënster eraus gesinn. Gläichzäiteg musse sech och d'Rettungsdéngschter, wann de Fliger um Buedem ass, duerch d'Fënstere schnell kënnen en iwwerbléck iwwert d'Situatioun verschafen.

Da sinn elo déi lescht Froe gekläert, domat kann also déi nächst Vakanz kommen.

Lauschtert eran