ErzéiungDomat zerstéiert där d'Selbstbewosstsi vun de Kanner

De Nowuess a Watt apaken a se virun allem ze schützen ass de grousse Feeler.

30.10.2019, 13:30:39

© Pexels

Et muss een de Mënsch bei der Gebuert e bësse wéi e Blat gesinn, op deem nach näischt geschriwwen ass. Am Laf vum Liewen hannerloosse Persounen an Evenementer spueren op dem Blat an dorausser entwéckelt sech da lues a lues eng Perséinlechkeet.

Sou ass et och beim Selbstbewosstsi vum Kand. De Nowuess ze luewen ass extrem wichteg, ma et ass awer genau sou wichteg et net fir alles ze luewen, well soss d'Selbstbewosstsinn vun de Kanner net erop, mee erof geet.

Wichteg ass et scho mol dem Kand net permanent ze soe wéi schlau et ass. D'Kand mengt soss, dass et déi Cleverness einfach esou huet an näischt dofir maache muss a gläichzäiteg mécht sech d'Angscht breet ze versoe. Besser wier et zum Beispill ze soen:,, Du kanns dat ganzt "ein mal eins", du hues gutt geschafft, ech si stolz op dech''.

Wat een op kee Fall maache soll, ass eng Aufgab als liicht ze bezeechnen. Wann de Nowuess nämlech fir sech mierkt, dass et déi Aufgab trotzdeem net geléist kritt, da mécht sech Frust breet a mengt villäicht souguer, dass eppes mat ëm net stëmmt.

Op der anerer Säit soll ee kee Kand fir eng schlecht Leeschtung kritiséieren oder bestrofen. Wann een als Eltere mierkt, dass et sech fir eppes ugestrengt huet an et awer net richteg geklappt huet, dann ass konstruktiv Kritik ubruecht. Gläichzäiteg soll een d'Kanner dobäi ënnerstëtze fir et besser ze maachen. Well aus Feeler léiert een an dat baut Selbstbewosstsinn op.

Et muss een déi Kleng och einfach mol maache loossen. Se ze ënnerstëtzen ass wichteg fir dass se wëssen, dass een hinnen de Réck stäipt. Da dat kann awer och no hanne lass goen, wann d'Kanner sech ëmmer nëmmen op d'Eltere verloossen an näischt selwer maachen. Sou léieren se net dass och mol eppes schif ka goen.

Fazit, passt op ären Nowuess op mee loosst hinne Fräiraum fir ze experimentéieren.

Well denkt drun, vum Fale léiert ee goen.

Lauschtert eran