De Wanter steet virun der DierClever hëtzen an de Portmonni schounen

Wouru mierkt een, datt de Wanter sech esou lues bemierkbar mécht? Richteg, d'Heizunge ginn nees an den Dauerasaz geschéckt!

Leschten Update: 06.11.2019, 09:21:53

© Eldoradio

An de kale Méint feiert de beléiften Zwiwwel-Look säin traditionelle Comeback. Egal wéi gären ee Schichten iwwer Schichte vu Kleeder undeet - Doheem muss dat jo eigentlech net sinn. Wisou och, schliisslech huet een eng Heizung, déi ee voll opdréie kann, oder?

Lauschtert eran!

Jein, wie säin Doheem effektiv hëtze wëll, kann op déi eng oder aner Saach oppassen. Ugefaange mat engem grousse Paradox, deen ee bei ville Leit ëmmer nees gesäit: d'Heizung op Vollgas an d'Fënster driwwer ass gekippt - ma sou geet net just d'Hëtzt verluer, och eisem Portmonni deet dat alles anescht ewéi gutt. Besser ass et, e puer Mol kuerz gutt duerchzelëften an dann eréischt d'Heizung hir Aarbecht maachen ze loossen.

Wichteg ass déi richteg Zëmmertemperatur. Dir sollt net an en Zëmmer erakommen a vun der Hëtzt erschloe ginn. Ideal sinn ëm déi 20 Grad, hei geet d'Stuf 3 vum Heizkierper schonn duer. Ganz wichteg: Et sollt een d'Heizung net op der héchster Stuf loossen, wann ee schléift. Mir hunn esou Schwieregkeeten, anzeschlofen. Léiwer op en decke Pyjama a puer Decke méi zeréckgräifen.

Weider soll een d'Heizung méi bewosst an den Asaz schécken: Muss ee fir déi 5 Minutten, an där een an der Dusch ass, d'Heizung op de Maximum opdréinen? Et ass schéin, moies an e waarmt Zëmmer ze kommen, ma e bëssen onnéideg ass et awer och. D'nämmlecht lackeleg: D'Kleeder op d'Heizung leeën, datt se gutt waarm sinn. Verdeckt een den Heizkierper mat Kleeder oder et stellt ee Miwwel virdrun, ka sech d'Hëtzt net richteg ausbreeden.

Eng gutt Isolatiounsschicht hannert der Heizung kann och Wonner wierken. Eng aner effektiv Method ass et, d'Fënsteren an Dieren ofzedichten, esou bleift d'Hëtzt dobannen an d'Keelt dobaussen. Ma éier een iwwerhaapt nees d'Heizungen opdréit, kann een dës am Virfeld entlëften. Och sollt ee sech ugewinnen, d'Diere vun Zëmmeren, déi gehëtzt ginn, zouzemaachen: Är kal Féiss an de Portmonni soe Merci.