Life of Bryan - Hidden PlasticsNet all Plastik erkennt een an alldeegleche Produiten

Einfach ass et net, plastikfräi ze liewen. Fir d'éischt muss engem mol bewosst ginn, wou iwwerrall Plastik ze fannen ass.

Leschten Update: 05.11.2019, 08:41:00

© Eldoradio

Dass Plastik net gutt fir d'Ëmwelt ass, ass mëttlerweil gewosst. Tuten, Fläschen, Ouerestäbchen - och hei zu Lëtzebuerg gëtt dru geschafft, d'Plastik-Consommatioun ze reduzéieren.

Alles, wat no Plastik ausgesäit einfach aus dem Wee goen, kléngt relativ simpel. Leider ass et net ganz esou einfach. En Deel vum haartnäckege Material ass nämlech guer net esou erkennbar an alldeegleche Produiten an dacks a Kombinatioun mat anere Materialien. Plastik, deen een net onbedéngt gesäit ass zum Beispill an eise Kleeder. Déi meescht Kleeder bestinn zu engem gewësse Grad aus Polyester, ee Material, wat beim Wäsche Mikropartikelen am Ofwaasser hannerloosse kann.

Sougenannte Mikroplastik ass awer net nëmmen en Offallproduit vum Wäschen. Kaffisbecheren, och déi aus Kartong, sinn dacks mat enger Zort Polyethylene beschicht an droen deemno zur Plastikverschmotzung bäi, och wann et manner ass, wéi Becheren aus 100% Plastik. Ähnlech ass et och mat metallesche Verpackungen, wéi zum Beispill bei Chipsen. Wat op den éischte Bléck nëmmen no Aluminium ausgesäit, ass u sech eng Kombinatioun vun Aluminium a Plastik.

Am rezentste gouf am Kader vun enger Etüd a Kanada Mikroplastik an Téisäckelcher fonnt. Hei muss betount ginn, dass d'Etüd vun de Wëssenschaftler selwer a vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) als net konklusiv gewäert gouf, mee éischter als een Zeechen, dass nach méi Recherchen néideg sinn.

Plastik komplett aus dem Wee ze goen ass net einfach, mee et ass en éischte Schrëtt sech iwwerhaapt bewosst ze ginn, a wéi engen alldeegleche Produiten et ze fannen ass.

Lauschtert hei d'Reportage: