Wat méi Haut, wat besser"Haaptsaach plakeg Fraen an de Filmer"

Wann een e Film am Detail kuckt, da fält engem op, dass d'Fraen dacks relativ liicht bekleet sinn.

Leschten Update: 04.11.2019, 21:32:34

© Pexels

Dass an der Filmindustrie alles e bësse méi speziell ass, ass näischt Neies. Et dréint sech alles ëm d'Geld an dorëms fir sou vill wéi méiglech Leit an de Kino ze lackelen. Sou wäit sou gutt, schliisslech wëll ee mat sengem Film jo och Geld maachen. Allerdéngs ginn an de Filmer dacks d'Fraen a speziell Rolle gedréckt. Wärend d'Männer d'Haaptroll hunn, sinn et d'Fraen, déi als Sexobjet duergestallt ginn. Et kléngt, wéi eng Ausso aus de 90er, ass awer eng aus dësem Joer, baséierend op Filmer vun 2018.

D'Team vum "Geena Davis Institute on Gender in Media" vu Los Angeles huet 20 Staate weltwäit ënnert d'Lupp geholl. An zwar, wéi ënnerschiddlech männlech a weiblech Filmfiguren an de beschte Filmer vun 2018 duergestallt ginn. Ënnersicht hu se 700 Haapt- an Niewerollen aus 56 verschiddene Filmer. D'Resultat ass relativ schockant. Et si bal duebel sou vill Männer wéi Fraen, déi eng Haaptroll hunn.

Besonnesch markant ass, dass 30% vun de Fraen an den Haaptrollen nëmme liicht bekleet sinn, respektiv ëmmer vill Haut musse weisen. Dat beschte Beispill dofir ass de Film "Hustlers" mam Jennifer Lopez, deen aktuell an de Kinoe leeft. Hei sinn et Stripperinnen, déi de räiche Leit am Strip-Club d'Suen aus der Täsch zéien. Och gutt ze gesinn ass dat am Film "Wolf of Wallstreet", ganz nom Motto "Sex Sells".




Aus der nämmlechter Etüd ass och ervir gaangen, dass all déi Filmer, déi ënnert d'Lupp geholl gi sinn, vun engem Mann gedréint gi sinn. Dobäi kennt, dass nëmmen an all 10. Filmteam eng Fra war, déi mat um Dréibuch geschriwwen huet. Et gesäit also momentan esou ass, dass sech d'Filmindustrie lues a lues vun deene Stereotyppe lass rappt. Ma ob Hollywood iergendwann ganz dovu lass wäert kommen...?

Lauschtert eran