Digital HoardingWann d'Wull um Smartphone krank mécht

"Digital Hoarding" ass, wann een ëmmer méi Dateien unheeft an hinnen net méi Meeschter gëtt. Mee wéi kritt dir den digitalen "Messie" an iech an de Grëff?

Leschten Update: 04.11.2019, 15:32:17

© Unsplash

D’Späicher-Kapassitéit vu Smartphones, Computeren an externe Festplacke gëtt ëmmer méi grouss. Firwat soll ee sech also d’Méi maachen, dat wat een net onbedéngt brauch direkt nees ze läschen? Ganz einfach: Well dat den Ufank vun engem krankhafte Sammel-Zwang ka sinn.

"Digital Hoarding" nennt sech déi zanter 2015 offiziell als psychesch Krankheet unerkannten Ënner-Form vum "Messie-Syndrom". Amplaz, dass d’Wunneng voll mat onnéidegem Krom steet, ass eben dat digitaalt Gerät um Iwwerlafen.

Elo ass net jidderee psychesch krank, dee seelen eppes um PC läscht oder 10.000 ongelies E-Mailen huet. Problematesch gëtt et eréischt, wann een doduerch selwer onzefridden oder souguer onglécklech gëtt. Trotzdeem hätt ee méi Iwwersiicht. „Aus den Aen, aus dem Sënn“, firwat mëschte mir op eisen digitale Geräter awer bal ni aus?

Bei enger Etüd un der Northumbria University zu Newcastle hunn d’Kandidaten dacks gesot, dass hinnen d’Aussortéieren ze opwänneg wier, si emotional un den Dateien hänke géifen oder alles halen, well si et iergendwann nees brauche kéinten. Ganz éierlech: Dir wäert mol kee Brochdeel dovu jeemools erëm upaken.

Mee wéi kritt een dann endlech Struktur a säi virtuelle Büro? Grad wat E-Mailen ugeet, ginn et e puer Tricken: D’2-Minutte-Reegel zum Beispill: Wann et manner wéi 2 Minutten dauert ze äntweren, maacht et direkt! Fir déi, déi doduerch nëmme vu Wichtegem ofgelenkt ginn, ass et besser dir definéiert en Zäitraum, an deem dir alles op eemol beäntwert. Da gëtt et och mol héich Zäit all d’Newsletter ze deabonnéieren, déi dir souwisou zanter Joren ignoréiert.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Dat grousst Ausmëschte muss och net op ee Coup geschéien. Huelt iech ëmmer mol nees 10 Minutten. Stéck fir Stéck hutt dir méi Plaz an an engem nächste Schrëtt méi Uerdnung.

Oder mir fänke mol alleguerten u besser, dofir awer manner Fotoen ze maachen an net all App erofzelueden, fir se dann nëmmen eemol ze benotzen.