StudentefoireD'ACEL op der Foire de l'étudiant

Primärschoul, Lycée an da schaffe goen oder eventuell awer studéieren. Mee wéi leet ee sech am beschten un? Dofir ass zum Beispill d'ACEL do.

06.11.2019, 14:00:24

© Eldoradio

All Joer am November ass d'Studentefoire zu Lëtzebuerg. Wärend 2 Deeg kréien do verschidden Exposanten d'Méiglechkeet, sech an der Luxexpo zesummen ze fannen. Dorënner si verschidde Studentecercelen an och Entreprisen, bei deenen d'Schüler an d'Studenten d'Méiglechkeet hunn, fir Infoen iwwert d'Etüden ze kréien.

Dat Ganzt geet vum 7. bis den 8. November. D'Diere ginn hei mueres um 10 Auer op an dat bis owes hallwer 7. Op der Foire ass dann och d'ACEL.

Bei eis am Studio waren d'Christelle May an d'Aurélie Nacimento vun der "Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois":

Lauschtert eran