GesondheetskeessKeng gréisser Verspéidunge bei Remboursementer

Während nach d'lescht Joer mat däitlechen Delaie bei Remboursementer ze rechne war, huet sech d'Situatioun an de leschte Méint entspaant.

Leschten Update: 04.11.2019, 16:59:01

© GoogleMaps

Zu Lëtzebuerg kréie mir jo vill Prestatioune vun der nationaler Gesondheetskeess rembourséiert. Natierlech bezilt een déi, ma meeschtens sinn d'Sue relativ séier um eegene Konto, op d'mannst wann et ëm Traitementer a Prestatiounen hei zu Lëtzebuerg geet. Ma wéi sinn eigentlech d'Delaie vun de Remboursementer zu Lëtzebuerg? Dat huet sech och den Deputéierte Sven Clement gefrot, dee vu Retarden – deelweis vu bis zu 2 Méint – geschwat huet.

Een Dag fir national Prestatiounen
De Moment läit den normalen Delai vun engem Remboursement bei engem Dag. Dat äntwert de Minister fir sozial Sécherheet Romain Schneider. Ma dat hänkt dovun of, a wéi engem Land d'Prestatioune gemaach goufen, d.h. ob et national oder international Remboursementer sinn.

Dobäi kënnt, dass natierlech d'Demande op e Remboursement fir d'éischt emol muss den zoustännege Service an der CNS erreechen, d.h. nach emol maximal 5 Deeg. An da mussen d'Suen natierlech nach op de Konto vum Demandeur kommen, dat kéint nach emol bis zu 5 Deeg daueren. Zesumme gerechent ass een also vun der Demande bis dass d'Suen um Konto sinn, bei maximal 11 Deeg fir national Remboursementer.

Bis zu 13 Deeg fir international Remboursementer
International gesäit et do awer anescht aus. Den normalen Delai läit dem Minister no hei tëscht 12 an 13 Deeg. Wéi och bei den nationalen Demande kommen dann nach déi Deeg dobäi, bis d'Demande beim Service läit a bis d'Suen um Konto sinn.  Wann d'Demande awer elo och nach muss un eng auslännesch Keess geschéckt ginn, da kann den Delai nach méi laang sinn.

Vergläicht een z.B. d'Zuelen, dann huet en Traitement fir en nationaalt Remboursement elo am September an der Moyenne e véierels Dag gedauert, internationaler awer bal 11 Deeg. Ma d'Zuele weisen awer och, dass sech d'Situatioun par Rapport zu 2018 däitlech verbessert huet.

Hausse vum Personal fir Krankekeess vun Employéen a Staatsbeamten
Z.B. am Mee 2018 huet en nationaalt Remboursement 4 Deeg gedauert, en internationaalt awer iwwer 62 Deeg. Iwwerdeems heescht et nach vum Minister, dass et bei der Krankekeess vun de Gemengebeamte ronn 2 Woche fir e Remboursement dauert.

Fir d'Staatsbeamten an d'Staatsemployéeë sinn et fir national Remboursementer 4 Wochen a 7 Woche fir international Prestatiounen. Op dës Retarde wëllt een dofir mat enger Hausse vum Personal reagéieren.

Links