CV an "lettre de motivation"Wéi eng Schrëft soll ee benotzen?

"Times New Roman" ass de Standard bei all Dokument. Net awer beim CV!

Leschten Update: 05.11.2019, 11:55:36

© Pixabay

Den CV an d'"lettre de motivation" ziele wahrscheinlech zu de wichtegsten Dokumenter, déi een a sengem Liewe schreiwe kann. Si eleng decidéieren dacks, ob ee sech iwwerhaapt bei sengem Dramjob virstelle kann. Also musse béid Dokumenter méiglech perfekt sinn.

Eleng um Internet fënnt een 100 verschidde Reegelen, wéi ee sech soll uleeën. Net ze vill, net ze wéineg an am beschten alles op enger Säit. Ma op wéi eng Plaz kënnt zum Beispill meng Foto, respektiv den Detail vu menger Ausbildung?

Wien hei Kuddelmuddel mécht, dee kann esouguer en impressionnanten Inhalt net méi retten. Beim CV gëllt den éischten Androck. Zemools bei ville Kandidaten hëlt de Patron sech dacks just e puer Sekonnen Zäit, d’Dokumenter ze iwwerfléien.  Eleng mat der richteger Schrëft kann een hei seng Chancen erhéijen.

"Times New Roman" ass de Klassiker. Déi soll een am beschte Fall awer net benotzen. Ganz einfach, well se quasi iwwerall benotzt gëtt. Ma relativ ongënschteg, wann een erausstieche wëll.

Hei heescht et awer oppassen: Bei iwwerdriwwene Schrëfte wéi "Courier" oder "Comic Sans" stiecht dir zwar eraus, allerdéngs net a positivem Sënn.

Als ideal gëllen zum Beispill éischter d’Schrëften "Garamond""Georgia""Avenir" oder "Calibri".

Wéi eng Schrëft een elo genee hëlt, hänkt vum Job of. Eng "lettre de motivatioun" fir en Job als Affekot soll eng méi seriö Schrëft hunn, wéi déi vun engem Social Media Manager.

Huelt Iech also eleng dee klengen Tipp zu Häerz an da sidd dir ärem Dramjob vläicht schonn e Stéck méi no.