LiewenserwaardungMammen a Pappe liewe méi laang

Eltere liewen an der Reegel méi laang wéi déi ouni Kanner.

Leschten Update: 05.11.2019, 14:01:39

© Pixabay

D’Liewe mat Kanner ass net ëmmer einfach. Den Nowuess kann den Elteren heiansdo de leschten Nerv kaschten, fir Nuechte mat weineg Schlof a fir dat engt oder anert grot Hoer suergen. Ma trotz deem domat verbonnene Stress schéngt sech d’Kanner-Kréie fir d’Gesondheet an d’Liewenserwaardung ze lounen.




Mammen a Pappe liewen an der Reegel méi laang, wéi déi ouni Kanner. Bei Elteren, déi Kanner adoptéieren, ass den Effekt souguer nach méi däitlech. Gëtt ee Kand adoptéiert, klëmmt d’Liewenserwaardung ëm 3 Joer. Bei zwee oder dräi Kanner sinn et souguer 5 Joer. Dat geet aus enger neier Etüd vun zwee Fuerscher vu Rostock a Stockholm ervir. Si hunn dofir Date vun iwwer 4 Millioune schwedesche Fraen a Männer, déi tëscht 1915 an 1960 gebuer goufen, analyséiert.

Den Zesummenhang tëscht der Unzuel vu Kanner an der Liewenserwaardung ass net ganz nei, an et gi verschidden Theorien dozou. Dat besonnescht un dëser Etüd ass awer, dass d’Fuerscher och op d’Date vun Adoptiv-Elteren zeréckgräife konnten. Sou konnten si kierperlech a sozial Ursaache besser vuneneen trennen.

Sou gëtt et z.B. d’Theorie, dass Fraen, déi Kanner op d’Welt bruecht hunn, manner dacks u Broscht- oder Gebärmutterkriibs erkranken. Och d’Daten aus Schweden confirméieren dat. Gläichzäiteg weisen d’Daten awer och dass biologesch Pappen an Eltere mat adoptéierte Kanner an der Reegel och méi laang liewe wéi déi ouni Kanner. Biologesch Ursaachen, déi eleng op Mammen an déi kierperlech Suitte vu Gebuerten ofziilen, kënnen also héchstens ee ganz klenge Puzzle-Deel vun der Erklärung sinn.



D’Fuerscher ginn dovunner aus, dass déi méi héich Liewenserwaardung gréisstendeels duerch sozial Facteuren zustane kënnt. Sou géinge Mënschen z.B. méi gesond liewen a manner Risiken agoen, wann se Kanner kréien. Dat well se eben d’Responsabilitéit fir een anere Mënsch droen. Eltere géingen deemno manner dacks veronglécke wéi déi di keng Kanner hunn, an och Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen triede bei hinne manner dacks op. Ma och Facteure wéi Bildung a finanziell Situatioun vun den Eltere sollen dobäi eng wichteg Roll spillen.