Kontra K am Eldo-Interview"Ech maache wat ech maache gär an dofir ass et gutt"

"Museksvideoe si Konscht an all Show ass individuell", esou de Kontra K am Interview mam Hitradio.

Leschten Update: 17.01.2020, 10:48:39

© Eldoradio

De Jong vun der Strooss mam Hang zum Kampfsport, esou kéint een de Kontra K beschreiwen. Ma wat hie méi Alben erausbruecht huet wat säi Sound sech ëmmer méi vum typeschen däitsche Gangsta-Rap entfernt huet. D’Motivatioun Musek ze maachen ass awer ëmmer nach déi selwecht bliwwe well de Rapper, wéi hie selwer seet, einfach nach immens vill vir huet. Mëttlerweil kann hie sech eraussiche mat wiem hien eng Kollaboratioun ageet an dorëms géif et him och goen: "Hie mécht dat wat e mécht gären an dofir ass et och gutt."

Dat heescht awer och gläichzäiteg e vollen Terminkalenner - eppes wat de Rapper zwar gären a Kaf hëlt, ma och wann e mat de Jore scho besser dora ginn ass seng Zäit opzedeelen, esou wierklech kritt hien och net alles gebak. De Kontra K ass nämlech net just Museker, Familljepapp a Kickboxer, hie setzt sech och fir den Déiereschutz an. Esou zum Beispill fir d’Elsa, en Tiger, deem hien en neit Doheem erméiglecht huet.

Nodeems eng Fra hie kontaktéiert hat wéinst engem Tiger-Bëbee ëm dee sech kee këmmere wéilt, ass de Rapper dohi gefuer, huet en Zoo dovun iwwerzeegt d'Elsa opzehuelen, him mat sengen eegene Suen eng Opfangstatioun gebaut an huet d'Déier mat opgezunn. Och wann d'Elsa mëttlerweil grouss ginn ass, esou setzt de Kontra K sech weiderhi fir den Déiereschutz an, an ass schonn um nächste Projet dru fir weider Opfangstatiounen ze finanzéieren.

Säi Motto ass deemno „wien eppes hëlt muss och eppes zréckginn“. Ma net nëmmen Déiere kënne vun där Devise profitéieren, och déi di seng Musek feieren. Op d’Fro wat him um Touren am Beschte gefält war d’Äntwert nämlech kloer: "Alles...mee am Fong meng Fans. Ech mengen haaptsächlech d'Fans!". Wat him um Liewen als Museker net esou gutt gefält, dat ass d'Reesen. D'Liewen an engem Tourbus wär nämlech guer net esou romantesch wéi ee sech dat heiansdo virstellt.

Trotzdeem huet de Kontra K Bock drop! Och op Lëtzebuerg, de leschte Stopp vu senger "Letzte Wölfe-Tour", bei deem d'Show genee esou gigantesch gëtt, wéi bei de Concerte virdrun. Dat Besonnescht u senger aktueller Tour ass nämlech den Opwand, deen hei bedriwwe gëtt. De Kontra K verréit, datt den Opbau eigentlech, dee vun enger Stadion Tour ass, och wann d'Venues méi kleng sinn. Fans kënne sech also op eng grouss Show freeën.

De Kontra K am Interview

Den 12. Mäerz 2020 kënnt den däitsch-Rapper mat sengem Album "Sie wollten Wasser doch kriegen Benzin" an d'Rockhal - Tickete kënnt der nach um Site vum Atelier kafen oder mat bësse Chance um Eldo gewannen!