Nei EtüdLafen hält gesond - och an niddreger Dosis

Dass Sport gesond ass, dat ass gewosst. Eng nei Etüd seet elo, dass och ee kuerzen Training scho vill bréngt.

Leschten Update: 06.11.2019, 04:23:41

© Johannes EISELE / AFP

Wie leeft, dee lieft méi laang - och wann hien dat just eemol d’Woch mécht. Dat geet aus enger Meta-Analyse vu 14 fréieren Etüden ervir, déi am "British Journal of Sports Medicine" publizéiert goufen. Am Ganze goufen d’Donnéeë vu méi wéi 230.000 Mënschen ausgewäert.

Mënschen déi lafen, an zwar egal wéi dacks, hunn am Verglach zu Net-Leefer ee méi niddrege Risiko, fréizäiteg ze stierwen.  Souguer déi Leit, déi just eemol d’Woch oder nach méi seele fir manner wéi 50 Minutten oder mat enger Vitess ënner 9,5 km/h lafen, profitéiere vun der Beweegung - an zwar net vill manner, wéi déi méi motivéiert Leefer.

All Beweegung ass deemno gutt fir d’Gesondheet, resuméieren d’Fuerscher. Dat soll awer keen ophalen, dee gären 3 oder och 6 Mol d’Woch lafe geet. Et kéint allerdéngs e Minimum ginn, bei deem de gesondheetlechen Notzen antrëtt. Wou genee dëse Minimum läit, gouf awer nach net analyséiert.

Een Hoken huet d’Etüd: D’Testpersounen hu selwer hir Lafgewunnechten uginn - an dat entsprécht jo deemno wéi net ganz der Realitéit...