Wann op eemol Schluss assWéi Fraen a Männer op eng Trennung reagéieren

Eng Trennung ass weder fir Männer, nach fir Frae flott. Et ginn awer Ënnerscheeder, wéi déi zwee Geschlechter mat der Trennung ëmginn a se verschaffen.

Leschten Update: 05.11.2019, 14:36:57

© Unsplash

Deen éischte Reflex ass bei béide Geschlechter deen nämmlechten: Haaptsaach Oflenkung, fir sou mann wéi méiglech un déi frësch Trennung mussen ze denken. Duerno geet d’Verhalen awer staark auserneen, wéi eng Etüd un der Binghamton-Uni zu New York weist. 

D’Zäit direkt no der Trennung, ass fir Frae generell méi hefteg. De Grond läit doran, dass Frae méi an eng Bezéiung investéieren, wéi Männer a sech eréischt bannen, wa si absolut sécher sinn, hiren Drammann fir d’Liewe fonnt ze hunn. Deementspriechend haart ass et ze realiséieren, dass dësen emotionalen Investment an d’Bréch gaangen ass.


Wärend Frae gäre stonnelaang mat Frëndinnen iwwert d’Grënn vun der Trennung philosophéieren a sech auskräischen, gi Männer dacks en anere Wee.

Si sichen zwar och d‘Gesellschaft vu gudde Kollegen, d’Aktivitéiten an d’Gespréicher bleiwen awer éischter iwwerflächlech, wéi ënnersicht gouf. Well de Mann seng emotional Péng net konfrontéiert, se also och net verschafft, leit hien zemools um Ufank net sou vill, dofir awer däitlech méi laang wéi d’Ex-Frëndin.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Männer sinn et zwar aus biologesche Grënn gewinnt op der Sich no enger Partnerin ze sinn, trotzdeem ass de Konkurrenzkampf e weidere Stress-Faktor no enger Trennung.


Wat hinnen awer iergendwann kloer gëtt: Si sinn op eemol ganz eleng. Net nëmme well si Single sinn, och well Frëndschaften ënner Männer de Fuerscher no manner déifgrënneg an intim si wéi an der Frae-Welt.

Doduerch fille sech Frae vun hirem Ëmfeld besser opgefaangen. Männer kënne méi schlecht eleng sinn a landen, iwwerspëtzt formuléiert, direkt an der nächster Bezéiung.

Am beschten ass et fir Männer wéi Fraen ze analyséieren, wat alles schif gelaf ass. Eventuell ass da jo schonn déi nächst Bezéiung eng fir ëmmer.