Jo, nee, vläichtDéi nervegst Dating-Trends 2019

Fréier war een no e puer Dates quasi zesummen. Haut ass dat allerdéngs net méi esou: Wann aus dem Kenneléiere keng Bezéiung gëtt.

Leschten Update: 06.11.2019, 14:35:08

© Pexels

Sech fest ze bannen ass fir vill Leit anscheinend extrem ustrengend. Oder sech beim Daten op nëmmen eng Persoun ze konzentréieren ass schonn ze vill verlaangt. Do gëtt sech léiwer mol all Optioun opgehalen.

Egal ob "Benching" oder "Ghosting" a wéi se alleguer heeschen, bei deene Phänomener verléiert ee schnell den Iwwerbléck, wéi ee Verhale mat wéi engem Begrëff gemengt ass.

Ënnert "Ghosting" versteet een zum Beispill d'Situatioun, dass déi Persoun mat der ee säit längerem eppes huet, sech ouni Virwarnung einfach aus dem Stëbs mécht. Uriff ginn net méi entgéint geholl, op Whatsapp-Noriichte gëtt einfach net méi geäntwert. Kuerz gesot ass et esou, wéi wann ni eppes gewiescht wier.

"Benching" ass hei e bëssen anescht. Dat bedreiwen nëmmen déi Persounen, déi d'Opmierksamkeet vun anere Leit brauchen an awer kee richtegt Interessi do ass, fir sech ze treffen. Hei bleift de Kontakt zwar bestoen, mee all Kéier wann et drëms geet en Date aus ze maachen, da gëtt iergendeppes erfonnt, fir sech net mussen ze gesinn. Sou gëtt eng Persoun, am iwwerdroene Sënn, op d'Bänk gesat an an der "Warteschleife" gehalen.

Eppes, wat just duerch déi sozial Medien ze maachen ass, ass den Dating-Trend "Tuning". Hei geet et drëms, dass een enger anerer Persoun seng Fotoen op Instagram oder Facebook reegelméisseg liked an och mol heiansdo e klenge witzege Kommentar hannerléisst. Domat wëll den "Tuner" d'Dynamik tëschent sech an der anerer Persoun veränneren a gläichzäiteg wëll e sech net ze wäit aus der Fenster leeën, fir net ze vill Interessi ze weisen.

Dir gesitt, et gi ganz skurril Verhalensweisen an der Dating-Welt vun haut. Fir net an d'Fal ze trëppelen, ass e ganz einfachen Tipp, sech ni ze fréi Hoffnungen ze maachen an der Saach Zäit ze ginn. Sou gesäit ee wie wierklech Interessi huet.

Lauschtert eran