Operateuren zu LëtzebuergKeng Roamingfraisen trotz Brexit

Den 31. Januar 2020 soll et spéitst esou wäit sinn a Groussbritannien verléisst d'EU. Ma wat heescht dat fir Studenten oder Touristen a Saache Roaming?

Leschten Update: 05.11.2019, 19:06:43

© Unsplash

De Brexit-Delai ass jo op en Neits verréckelt ginn. Sécher ass, dass Groussbritannien d'EU wäert verloossen, nëmme wéini, dat steet an de Stären. Ma egal wéini a wéi et ausgeet, d'Lëtzebuerger wäerte wuel weiderhi gären a Groussbritannien reesen, eventuell awer ouni eng Rëtsch vun de Virdeeler, déi se als EU-Bierger bis elo haten. An dozou gehéieren och d'Roamingfraisen. Ma wéi gesäit dat nom Brexit iwwerhaapt aus? 

Och Roaming-Accorde mat Net-EU-Länner
D'EU huet jo d'Roamingfraise fir mobilt Telefonéieren, SMSen a mobillen Internet 2017 ofgeschaaft. Dat huet vill Leit gefreet, krut dach deen een oder anere gäre mol no zwou Woche Vakanz eng Rechnung vun e puer Honnert Euro vu sengem Ubidder heemgeschéckt, wann e vergiess huet säi mobillen Internet auszemaachen.
Dat gëllt awer nëmme fir d'EU-Memberlänner a fir Liechtenstein, Norwegen an Island.

An da kënnt jee no Provider och nach d'Schwäiz, respektiv aner Länner dobäi mat deenen een en Accord huet. A genee esou wäert et och mat Groussbritannien geschéien, gleeft een den Operateuren hei zu Lëtzebuerg.

Déi selwecht Approche bei POST, Join, Tango an Orange
Vun der POST huet et deemno geheescht, dass ee virleefeg emol dobäi bleift Groussbritannien esou ze behandele wéi een dat och mat der Schwäiz mécht. D.h. d'Land ass zwar net méi an der EU, ass awer am Forfait an der EU-Zon mat dran. Dat selwecht gëllt der POST no och fir den Operateur Join.

Och vun Tango huet et geheescht, dass een net géif plangen d'Roamingtariffer fir d'Clienten, déi a Groussbritannien ginn, ze änneren, egal ob mat oder ouni Accord.

Vun Orange huet et geheescht, dass ee wéi scho virdru mam Roaming an der Schwäiz géif dobäi bleiwen d'Tariffer net ze änneren. Eng Hausse ass also och hei net virgesinn, soulaang et op EU-Niveau net anescht gereegelt gëtt. Wat awer déi britesch Operateure plangen, dat kéint een iwwerdeems net viraussoen.

Nach keng allgemeng europäesch Léisung
Wéi et vun den Operateuren nach geheescht huet, wier de Moment keng allgemeng europäesch Léisung fir de Roaming a Groussbritannien bekannt. Eventuell kéint esou eng am Accord fixéiert ginn, ma wéi gesot, deen Accord gëtt et nach net, respektiv d'Detailer aus dem Entworf sinn net bekannt.

Sollt awer hei de Roaming an déi eng oder aner Richtung gereegelt sinn, da missten sech d'Operateuren deem ënneruerdnen. Bis dohi kann all Operateur seng eege Verhandlunge mat de briteschen Entreprise féieren.