Rosa, Blo a Wäiss"Transgender-Zebrasträif" an Holland

Benotzen dierf déi faarweg Zebrasträifen natierlech jiddereen!

Leschten Update: 06.11.2019, 08:37:32

© YouTube Screenshot Transgender Zebrasträif

"Zu Almere dierf jiddereen esou sinn, wéi e wëll", esou de sozialdemokratesche Staatsrot. An dat ass wuel och de Message, deen déi faarweg Zebrasträifen an der klenger hollännescher Stad solle vermëttelen. Do ginn et zanter neistem also Zebrasträifen, déi net wéi gewinnt just schwaarz a wäiss sinn, mee rosa, blo a wäiss. Rosa steet hei fir d'Meedercher, blo fir d'Jongen a wäiss fir Persounen, déi sech kengem Geschlecht zouuerdnen.

Ob déi typesch Faarwen-Verdeelung, also rosa fir Meedercher a blo fir Jongen, hätt misse sinn, dat sief dohi gestallt. Ma och wann dës Opdeelung villäicht net immens originell ass, déi faarweg Zebrasträifen, déi extra fir e Pride-Marsch lancéiert goufen, sinn et op alle Fall. Dës sollen nämlech einfach bewierken, dass d'Stad an deem Kader e bësse méi faarweg gëtt an d'Mënschen, déi do wunne sech all representéiert fillen. Kloer: Mat engem Zebrasträif huet ee sech nach ni wierklech verbonne gefillt oder iwwerhaapt sech Gedanken iwwert deem seng Faarwe gemaach, mee et soll ganz einfach en Zeeche setze fir méi Diversitéit an Inclusioun.


An den Transgender-Zebrasträif ass net deen eenzegen inklusive Foussgänger-Wee vun Almere: Direkt niewendru gëtt et ee Reebou-faarwegen Zebrasträif - fir déi homosexuell Communautéit vun der Stad. Benotzen dierf d'Zebrasträifen awer jiddereen - egal zu wéi engem Geschlecht e sech ziel oder higezu fillt.