Ee Grond, datt de Mann d'Frühstück méchtFrae brauche méi Schlof

Frae brauche méi Schlof wéi Männer. Dat seet ënner anerem den Jim Horne, Chef vum Schloffuerschungszentrum op der Uni Loughborough.

Leschten Update: 06.11.2019, 19:58:58

© Unsplash

Allgemeng brauch ee Mënsch an der Moyenne 7 bis 9 Stonne Schlof, fir rëm fit an den Dag ze starten. Natierlech ginn et och déi, di méi oder manner brauchen. Mee ass iech scho mol an ärer Partnerschaft opgefall, dass d’Fra ëmmer e bësse méi Schlof brauch, wéi de Mann?

Genee dat gouf op der britescher Universitéit Loughborough ënnersicht an dobäi koum eraus, dass d’Fraen 20 Minutte méi Schlof brauche wéi Männer. De Chef vun der Etüd Jim Horne liwwert dozou déi passend Erklärung: D’Gehirer vun de Frae sinn deemno méi komplex a méi vernetzt a schaffen doduerch méi haart, wéi déi vu Männer. Si brauchen an der Nuecht also méi Regeneratioun, fir hiren Energiespäicher nees opzefëllen. Méi genee gesot: 20 Minutte méi laang.



Méi komplex a méi vernetzt bedeit eigentlecht näischt aneschtes, wéi Multitasking. Zwar kënne Fraen net onbedéngt "besser" multitaske wéi Männer, ma hir Gehirer sinn awer quasi drop programméiert, ëmmer méi Aufgabe gläichzäiteg ze meeschteren, respektiv méi verschidden Informatioune gläichzäiteg ofzescannen an ze verschaffe wéi Männer.

Datt Frae méi zu Multitasking neigen, war scho fréier sou, an dat weisen och vill Etüden. Wärend Männer fréier virun allem fir d’Beschaafe vum Iessen an de Schutz vun der Famill zoustänneg waren, hunn d’Frae gläichzäiteg misse botzen, kachen an d’Kanner betreien. Virun allem de leschte Punkt spillt hei eng wichteg Roll. Eng Mamm muss ëmmer a komplett onofhängeg vun hirer aktueller Aarbecht een Aen op d’Kand hunn, also Multitasking sinn. Dofir schafft d’Gehir méi an et brauch ee méi Zäit fir ze regeneréieren, also méi Schlof.

Lauschtert hei d'Reportage:

Wann dir also ee gutt Argument braucht, wisou äre Mann iech d'Moies-Iesse sollt maachen, da reift him dës Etüd ënnert d'Nues. An deenen 20 Minutten déi dir méi schlooft, kann hie jo eppes Leckeres zoubereeden ;).