Méi BauchkribbelenEsou bréngt dir Schwong an är Bezéiung

Dacks sinn et d'Klengegkeeten, déi nees Häerzklappen ausléisen!

07.11.2019, 06:00:41

© Pexels

Ufanks sinn et déi ganz grouss Gefiller: E Kuss léist Häerzklappen aus, e puer léif Wieder suerge fir Bauchkribbelen an insgesamt schwieft ee gefillt op enger Wollek. Ma lues a lues schläicht sech Routine an, dat ass normal an och wichteg: ëmmerhi wëll keen dauer-nervös sinn. Trotzdeem soll d'Routine net iwwerhand huelen, dofir hei e puer Saachen op déi dir am Alldag oppasse kënnt, dass dat net esou séier geschitt.

Wann een op en éischt, zweet oder och drëtt Date geet bleift de Smartphone an de meeschte Fäll an der Täsch, et wëll ee jo schliisslech dee vis-à-vis kenne léieren an net den eegenen Instagram Feed. Ma genee dat soll ee sech bäibehalen, kloer: Jidderee kuckt mol op säin Handy, heiansdo muss dat jo och sinn, virun allem wann een den Alldag matenee verbréngt. Wie gedanklech awer permanent anzwousch anescht ass, dee kann d'Zäit zu zwee net genéissen. Dofir beim Iessen den Handy guer net op den Dësch leeën an no der Aarbecht fir d'éischt e richtegt Gespréich féieren a froe wéi den Dag war ier ee sech am world wide web verléiert - well ganz éierlech en "ech hunn dech gär" an der Realitéit ass dach vill méi Wäert wéi e like an de "sozialen" Medien.

Dir verbréngt vill Zäit mateneen a wësst genee wat deem anere gefält? Stabilitéit a Sécherheet sinn zwar wichteg an enger Bezéiung ma Iwwerraschunge suerge fir Ofwiesslung. Sief et mol eng ganz nei Aktivitéit oder en onerwaarte Geste, esou kënnt dir är gemeinsam Komfort-Zon verloossen, de Partner vun enger neier Säit kenne léieren an iech selwer drun erënneren, dass ee sech och als Erwuessenen net ëmmer ze eescht huele muss. 


Reesen ass sou eng Saach, et kann d'Bezéiung stäerken, et ka se awer och op eng Prouf stellen. Egal wéi sollt een awer heiansdo mam Partner fort, einfach aus dem Alldag eraus an esou gemeinsam Erënnerunge sammelen. Dat schweesst net just wärend der Vakanz zesummen, och duerno kann een nach vun dëse Momenter profitéieren.

Ma och wann d'Bezéiung dovu lieft, datt ee Saachen zesummen erlieft an Erënnerunge sammelt, heiansdo muss een och getrennt eppes ënnerhuelen. Wie permanent openeen hänkt, deen huet sech iergendwann näischt méi ze zielen. Et ass wichteg sech och ausserhalb vun der Bezéiung trei ze bleiwen a seng Frëndschaften ze fleege well just esou bréngt een nei Erfarungen, Meenungen an Erzielunge mat an d'Partnerschaft. Ausserdeem deet et richteg gutt wann een no esou enger Zäit mierkt, datt ee sech elo erëm drop freet de Partner erëm ze gesinn.

Lauschtert eran


Fir vun der 6. Wollek nees op déi 7. ze klammen ass net ëmmer einfach mee un enger laanger a glécklecher Bezéiung muss een eben heiansdo schaffen an da steet dem Kribbelen am Bauch (wann och net all Dag) näischt méi am Wee!

 


Links