"Gëllene Wandbeidel 2019"5 gréisste Reklamm-Lige stinn zur Auswiel

All Joer gëtt aus de 5 gréisste Reklamm-Ligen déi gréissten ausgewielt an déi gëtt da mam "Gëllene Wandbeidel" ausgezeechent.

Leschten Update: 09.11.2019, 18:45:57

© Eldoradio

All Joer sicht d'Verbraucherorganisatioun Foodwatch dee Produit, deen den "Gëllene Wandbeidel" verdéngt. Dëst Gebäck mat Crème steet symbolesch fir déi schlëmmste Reklamm-Ligen. A si mir net all schonn emol dozou verleet ginn eppes ze kafe, well et vu bausse gutt ausgesinn huet, um Enn awer nëmme Loft war?

"Direktsaft Karotte Bio" vun Hipp

Den Ufank mécht e Produit, deem säin Numm scho gesond kléngt, deen et och wuel ass, ma un deem d'Organisatioun Foodwatch eppes anescht stéiert.

Esou gouf d'Glas vum "Direktsaft Karotte Bio" vun Hipp vu virdrun engem hallwe Liter op 330 Milliliter reduzéiert, de Präis gouf awer ëm dat duebelt eropgesat. Esou soll de Produit ëm 95% méi deier gi sinn, dat dem Hiersteller no well den Akafspräis méi deier ginn ass.

"Wasabi Erdnüsse" vu REWE Beste Wahl

D'"Wasabi Erdnüsse" vu REWE Beste Wahl ginn dogéint wéinst deem kritiséiert wat dran ass – oder besser gesot wat net dran ass. Zwar steet Wasabi um Pak drop, et ass es awer Foodwatch no nëmmen 0,003% dran. De Rescht gëtt mat Aroma a Liewensmëttelfaarf zu Wasabi-Nëss „gepimpt“.

"Corny Protein Lower Carb" vu Schwartau

Den 3. Kandidat, de Rigel "Corny Protein Lower Carb" vu Schwartau, huet et dogéint an d'Auswiel gepackt well ze vill vun eppes dran ass – nämlech Zocker. Dobäi gëtt en an der Reklamm als gesond Tëschemoolzecht beschriwwen, och op der Packung gesäit alles no engem gesonde Fitness-Produit aus, mat enger dënner Fraentaille direkt vir drop. Dofir war wuel keng Plaz méi fir drop ze schreiwen, dass e bis zu engem Véierel aus Zocker besteet.

"Yakult Original" vu Yakult

Duerch vill Zocker fält och de Produit "Yakult Original" op. Fir dee gëtt jo gäre mat Wëssenschaft Reklamm gemaach. Ma wëssenschaftlech Beweiser fir dëst "Wonnermëttel fir den Daarm" ginnn et guer keng, esou Foodwatch.

Ma dofir kritt ee fir 8,4 Euro de Liter richteg vill Zocker.

"Kinder-Tomatensauce Bio" vun Zwergenwiese

An um Enn huet et dann nach e weidere Bio-Produit an d'Auswiel gepackt an zwar d'"Kinder-Tomatensauce Bio" vun Zwergenwiese. 11% Zocker si Foodwatch no awer net wierklech dat richteg fir Kanner, och wa faarweg Buschtawen an och soss alles op der Etikett den Eltere weise soll, dass d'Zooss fir Kanner stëmmt.

Mä 11% Zocker, dat si pro Portioun iwwer 6 Zockerstécker.