Vollkar, Spelz a Co.Donkelt Brout ass net automatesch gesond

Vollkar-Produiten = gesond, hale méi laang sat an hëllefe beim Ofhuelen. Ma trëfft dat wierklech zou? An ob wat muss een oppassen?

07.11.2019, 04:00:50

© Unsplash

Wie sech gesond ernäert, gräift am Supermarché éischter zu Bio-Produiten, vill Uebst an och mat Virléift zu donkelem Brout. Ma ass dat Brout da wierklech méi gesond? Virun allem hellt Brout huet jo kee gudde Ruff, dat well et manner gesond Stoffer wéi Vitaminnen a Mineralien enthält.

Lauschtert eran!

D'Stäerkt an dësen Zorte besteet aus enger Aart Zocker-Ketten, déi eisen Insulin-Spigel an d'Luucht schéisse léisst. Ma esou séier, wéi dësen Zocker an eis Zelle geschleist gëtt, esou séier hëlt den Insulin-Spigel nees of a mir sinn nees hongereg. Et ass also net onbedéngt ongesond, ma mir sinn awer nees méi séier glëschtereg.

Vollkar-Zorte gëtt nogesot, datt se sech positiv op eis Gesondheet auswierken an de Risiko vun Erkrankunge wéi Diabetis oder Kriibs reduzéieren. Hei gëllt et awer, ganz genee ze kucken. Net all Brout, wat méi däischter ass oder vill Kären huet, ass automatesch déi méi gesond Variant. Reng optesch ass dat net direkt ze erkennen, dofir ganz gutt liesen.

D'Bezeechnung "Vollkorn", respektiv Vollkar, heescht, datt de Gros vum Miel och aus Vollkar bestoe muss. Verschidde Broutzorte kënnen awer och donkel gefierft ginn, datt se einfach just den Androck maachen, zu der gesonder Optioun ze zielen. Bréidercher, op deenen e puer Kären drop ze fanne sinn, gëllen och net automatesch als Vollkar-Bréidercher.

Nieft Brout ginn et och aner Liewensmëttel aus Vollkar: Nuddelen oder Räis sinn immens beléift, grad esou wéi Müsli oder och d'Trend-Liewensmëttel Quinoa. Nieft Vollkar ass et awer och deen am däitsche bekannten "Dinkel", op Lëtzebuergesch Spelz genannt, deen immens gesond soll sinn. Net fir näischt gouf dës Zort 2018 zum Brout vum Joer an Däitschland gewielt.