Sozial MedienFacebook kritt en neie Logo

Vill huet sech net geännert. Ma et stécht awer eng grouss Iddi dohannert.

Leschten Update: 06.11.2019, 19:56:07

© FACEBOOK / AFP

Jidderee vun eis benotzt et an ass am Dag sécher méi wéi eng Stonn domat a Verbindung: déi sozial Medien. Do ginn et der ganz vill, ma Facebook ass hei mat ee vun deenen eelsten.

Wann ee sech d'Evolutioun vu Facebook ukuckt, dann ass aus dem klengen Netzwierk, dat de Mark Zuckerberg entwéckelt huet, eng riseg Firma ginn, déi mëttlerweil e Wäert vu bal 500 Milliarden US-Dollar huet.

Nodeems Facebook sech mat e puer Skandaler misst ronderëm klappen, wollte se den Numm ännere fir dee schlechten Image lass ze ginn a gläichzäiteg en Numm ze hunn, deen déi ganz Firma representéiert. Déi Iddi ass awer net duerchgesat ginn, fir ze verhënneren, dass d'Leit mengen, se wéilte virun de Problemer fortlafen.

Fir trotzdeem e Schratt no vir ze maachen an net ze stagnéieren, huet Facebook elo en neie Logo mam selwechten Numm virgestallt. Eigentlech ännert sech net immens vill. Den Numm war soss kleng geschriwwen, deemnächst gëtt e grouss geschriwwen a méi ass et eigentlech net. D'Iddi soll sinn, sech vum Logo vum Online-Netzwierk ze distanzéieren a soll an Zukunft och niewent aner Marke vun der Firma ze gesi sinn.



Ëmfroen no wëssen nämlech vill Leit net, dass zum Beispill WhatsApp an Instagram och zu Facebook gehéieren. Mam neie Logo sollen d'Notzer drop opmierksam ginn, wat alles nach zu Facebook gehéiert, fir sou méi am Fokus ze stoen. Gläichzäiteg weisen se domat awer och, dass se méi wéi nëmmen DAT soziaalt Netzwierk sinn.

Natierlech gëtt am Netz och schonn doriwwer de Geck gemaach. Well wann een dat Ganzt mol objektiv kuckt, da gëtt e risen Tamtam gemaach, fir einfach nëmmen all Buschtaf vu Facebook an Zukunft grouss ze schreiwen.

Lauschtert eran