Op der Schaff oder bei KollegenWéi kommen ech méi sympathesch eriwwer?

Am Hierscht kann ee scho mol schlecht Laun hunn. Déi kréien och déi aner of. Dir kënnt är Sympathie-Wäerter awer mat einfachen Tricken nees verbesseren!

07.11.2019, 04:00:50

© Pexels

Jiddwereen huet dee Frënd oder Aarbechtskolleg, deen ëmmer gutt gelaunt ass a bei jiddwerengem beléift ass. Wéi mécht deen dat?! Wëllt och dir sympathesch eriwwer kommen, musst dir nëmmen un e puer Schrauwen dréinen!

Egal ob bei neie Bekanntschaften oder bei gudde Kollegen: Schwätzt äert Géigeniwwer sou dacks et geet mam Numm un. Wie säin Numm héiert, spiert eng Wäertschätzung, well deen e wichtegen Deel vun der Perséinlechkeet ausmécht. Beim Date ginn dat direkt Bonus-Punkten.

Déi ginn et och wann ee weist, dass een éierlech interesséiert ass. Einfach eemol näischt soen an nolauschteren. Wie vu sech selwer iwwerzeegt ass, ouni dat déi ganzen Zäit matdeelen ze mussen, mécht dee beschten Androck!

Lauschtert hei de ganze Reportage

Frot och mol roueg no engem klénge Gefalen. Esou weist dir och deem Aarbechtskolleg, mat deem et nëmme Sträit gëtt, dass dir seng Aarbecht gutt fannt. Dat kann den Ufank vun enger méi frëndschaftlecher Bezéiung sinn.

E weideren Trick, fir onbewosst eng besser "Connection" mat aneren ze kréien: Pakt se heiansdo un. Nee, w.e.g. net grapschen, einfach beim Moie soen eng Kéier douce un den Aarm gräifen. Déi registréiert déi aner Persoun onbewosst an d’Vertrauen an automatesch och d’Sympathie iech géigeniwwer ginn an d’Luucht.



Déi awer erëm drënner leiden, wann dir bei Sträit oder Problemer op der Aarbecht ausflippt. Probéiert roueg ze bleiwen, esou wierkt dir souverän a sachlech.



Verstellt iech awer net ze vill, dir musst net mat jiddwerengem gutt sinn. Beléift a sympathesch si souwisou déi, déi sech net u jiddereen upassen, mee authentesch eriwwer kommen.

Domat hutt dir net nëmme Frënn an Aarbechtskollegen op ärer Säit. Och dir selwer sidd zefridde mat iech a gesitt e sympathesche Mënsch, wann dir an de Spigel kuckt.