Netflix test nei FunktiounFilmer a Serië méi lues oder méi séier kucken

Netflix test eng nei Funktioun, déi Filmer a Serien an Zäitraffer ofspillt. Hollywood-Regisseure reagéiere genervt.

Leschten Update: 07.11.2019, 08:15:32

© Unsplash

Netflix test de Moment eng nei Funktioun mat där Filmer a Serië méi lues oder méi séier wéi soss ofgespillt kënne ginn. Deemno kann een de Film oder d'Serie mat hallwer oder mat 1,5-facher Vitess ofspillen. Dat heescht: Mat méi séierer Vitess kann een zum Beispill all d’Staffele vun "House of Cards" an 53 Stonne kucken amplaz an 73 Stonnen.

Wéi et heescht wëll Netflix sou méi Video-Contenuen un de Mann bréngen. Mee d’Fro ass, wie sech eng Serie méi séier ukucke wëll?

Bei Filmproduzenten kënnt d’Turbo-Funktioun jiddefalls net gutt un. Sou géif een de Film net méi sou genéissen, heescht et vu ville Produzenten.









Mee Netflix seet, dass een de Film jo och méi lues ka kucken a sou géif een zum Beispill een auslännesche Film mat Ënnertitele besser verstoen. Netflix wier op alle Fall amgaangen ze testen, wat net heescht, dass di nei Funktioun ageféiert gëtt. An um Enn ka jo jidderee maache wéi e wëll: normal, séier oder lues kucken.