Féx erkläert!Firwat bäisst et eis?

Wisou kraze mir eis, wann et bäisst?

Leschten Update: 11.11.2019, 10:22:08

© Eldoradio

Wann et bäisst, da bäisst et, an dat kann deen een oder anere geckeg maachen. Virun allem wann een net un déi Plaz erukënnt, wou et bäisst, a grad keen do ass fir ze hëllefen. Do stellt een sech noutfalls mol widdert eng Dier, déi do aushëllefe soll. Mee wisou bäisst et eis iwwerhaapt? Wat geschitt do?

Verschidden Zorte vu Bass

Et gi vill Ursaache wisou et eis bäisst. Dat kënnen zum Beispill allergesch Reaktiounen, dréchen Haut, Krankheeten oder Insektestéch sinn. An et kann och heiansdo einfach sou ouni Grond bäissen.





Medeziner hu festgestallt, dass wann et bäisst, speziell Rezeptoren an der Haut aktivéiert ginn. Leeft engem z.B. ee Käfer iwwert den Aarm, da ginn dës Rezeptoren duerch de Kontakt mam Insekt gereizt. Si leeden dës Informatiounen duerch den Nervesystem un d’Gehir weider. Dat verschafft dës Informatiounen a seet dass et bäisst respektiv dat do eppes steiert. A wann een sech da krazt, ass d’Bäisse fort.

Bei engem Mustik-Stéch soll een am beschten net krazen

Wann een elo vun enger Mustik gepickt gëtt, da schwätzt ee vun enger anerer Zort Bass. Do hëlleft Krazen net wierklech, mee éischter eng Crème. De Kierper reagéiert allergesch, dobäi ginn ënner anerem Histaminer fräigesat an da fänkt et u mat bäissen.

Och Kraze kann ustiechend sinn

Kraze kann awer och ee Pleséier sinn. Dem Gehier säi Belounungszenter gëtt domat aktivéiert, an dat suergt dofir dass d’Krazen engem ee gutt Gefill vermëttelt.

Wéi d’Gaapsen an d’Laachen ass iwwregens och d’Krazen ustiechend. Et brauch een nëmmen een aneren ze gesinn deen sech krazt, oder iwwert d’Krazen ze schwätzen, fir dass een och domat ufänkt.

Déi bescht Method géint all Aart vu Bass, ass Oflenkung. Well sou bal een un eppes aneres denkt, spiert een de Bass net méi.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio: