Et gi keng domm Froen...Wéi lande Mécke kappiwwer um Plafong?

D’Fuerschung fënnt ëmmer Äntwerten. Op mol méi, mol manner relevant Froen... Wéi kënne Mécke kappiwwer um Plafong landen? Mat engem spektakuläre Manöver!

Leschten Update: 07.11.2019, 19:10:09

© Pexels

D’Wëssenschaft huet nees zougeschloen! Sou wéi jiddwereen zouschléit, wann eng Méck alt erëm mengt eis ze nerven, wa mir einfach nëmmen Telé wëlle kucken.

Mee u sech schuet, dass mir esou wéineg vun deenen Insekten halen. Hinne geléngt nämlech e Stunt, dee bis op de Spiderman kee Mënsch hikritt: Einfach no Loscht a Laun ëmgedréint um Plafong landen.


An dat ass alt nees fir jidderee selbstverständlech. Ausser fir Fuerscher un der Pennsylvania State University. Si wollte genau wëssen, wéi d’Mécken aus dem Fléi-Modus eng propper Landung op der Kopp packen.

Dat Manöver ass relativ komplex. Dir musst iech et esou virstellen: Fir d’éischt gëtt d’Méck richteg Gas a flitt no uewen a Richtung Plafong. Da geet et lass: Eng spektakulär Dréiung em béid Achsen. D’Been gi scho mol a Richtung Plafong ausgestreckt. Kennt ee jo vum Fliger, wann de Pneu erausgefuer gëtt. 

Lauschtert hei de ganze Reportage

Soubal déi viischt Been de Plafong erreecht hunn a wéinst de klénge léiwen Hoke-Patten hänke bleiwen, kënnt déi grouss Final. Mat engem leschten Effort, enger leschter Rotatioun, mécht d’Méck e Rad. Da Rou. D’Publikum kann et net gleewen, spréngt op eemol op. D’Leit leien sech an den Äerm. Et ass gepackt. D’Missioun ass erfëllt.

An esou lant eng Méck kappiwwer um Plafong.

4 bis 8 mol schléit se dobäi mat de Flilleken. Em bis zu 6000 Grad pro Sekonn kënnen si sech dréinen. Dat kann awer och emol schif goen, wann d’Beweegungen net genau openeen ofgestëmmt sinn. 

Ka mol virkommen, d’Landung dauert nëmme 60 Millisekonnen. Da knuppen d’Mécke widder de Plafong a probéieren et eng Véierelsstonn an 1 Ibuprofen duerno eben nach eng Kéier.

E verständleche Grond fir dës Etüd gëtt et dann awer nach: Et wëll een des Erkenntnesser notzen, fir beim Baue vu Roboteren deen nächste Schrëtt ze maachen.