Méi grouss, méi kreativ a méi verréckt!Déi skurrilste Weltrekorder

De 14. November ass de Guiness-Weltrekord-Dag. Schonn elo kucke mir op déi skurrilsten a verrécktste Weltrekorder!

Leschten Update: 08.11.2019, 11:29:48

Ugefaange mat engem Italiener, deen trotz der Schneekerei an dem ville Zocker net vill ziddert. Soss hätt den Dimitri Panciera keng 121 Bulle Glace op enger normaler Wafel balancéiert. Dee Rekord huet hien op engem Glacen-Festival opgestallt an niewebäi nach déi gréisste Bull Glace op der Welt hikrut, mat 1,70m op 1,88m an 1.365 Kilo.

Mir bleiwe beim Iessen. De Prabhakar Reddy P. huet an enger Minutt 212 Hackernëss, op däitsch "Walnuss", mat der Hand opgeschloen. Dat si méi wéi 3 Nëss an der Sekonn an domat huet hien de Rekord "geknackt".

Net nëmme skurril, mee relativ eekleg ass de Rekord, deen de Rolf Bucholz opgestallt huet. 516 Piercingen "dekoréieren" säi ganze Kierper.

Wien eng Kaz huet, weess wéi seele Kazen sech eppes soe loossen. Et huet also wuel laang gedauert bis e Mann a Malaysia senger Kaz bäibruecht huet 9 Wierfelen openee gestapelt mat der Patt ze balancéieren.

Wann ee sech Moie seet, gëtt ee sech d’Hand. Déi muss dem Kirk Williamson an dem Richard McCulley awer bal erof gefall sinn. 10 Stonnen hu si hiren "Handshake" duerchgezunn. E weidere Rekord.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Beim Julia Plecher aus Berlin waren et éischter d’Féiss, déi gebrannt hunn. Hat ass d'100 Meter a 14,2 Sekonne gelaf  an High-Heels!

Gebrannt huet och de Joe Toedtling aus Éisträich, dat fir 5 Minutten an 41 Sekonnen. Wichteg Info: Mat Sécherheets-West.

E puer Rekorder brauchen einfach Zäit. Eventuell gitt dir jo déi eelste Persoun iwwerhaapt. D’Jeanne Calment aus Frankräich ass 122 Joer a 164 Deeg al ginn.

Et wäerten an Zukunft sécherlech nach genuch Rekorder dobäi kommen. Ëmmer dann, wann ee mengt der Mënschheet fält näischt méi an, kënnt deen nächste mat enger verréckter Iddi ëm den Eck...