Nogefrot!Wou geet et no der Première hin?

D'Studentefoire ass déi ideal Geleeënheet, fir sech iwwert seng Zukunft z'informéieren. Wéi gesäit et bei de Jonken de Moment dann aus? Mir hunn nogefrot!

Leschten Update: 07.11.2019, 16:34:31

© Eldoradio

Déi traditionell Studentefoire ass eng vun den éischten Ulafplaze fir Schüler, déi entweder scho ganz genee wëssen, wat se no hirem Ofschloss maachen oder sech nach net festgeluecht hunn. Sou oder sou sinn an der Luxexpo eng Dosen Exposanten ze fannen, déi de Schüler beim Choix vum perfekte Studium, der idealer Uni oder och vun engem gudde Stage oder enger bei si passender Léier hëllefen. Mir hu bei de Jonken nogefrot, wéi et de Moment bei hinnen ausgesäit.

Lauschtert eran!

Dat praktesch un dëser Foire ass, datt ee vill Stänn op enger Plaz huet an esou déi néideg Informatioune vläicht och méi einfach kritt. Dat gesäit awer net jiddereen esou. Verschiddenen ass et ze vill duercherneen. Eng Propos ass zum Beispill, net d'Länner, mee d'Beruffer an d'Fachrichtunge beieneen ze gruppéieren. Anerer mengen, datt et schonn eng gutt Iddi ass, ma selwer muss een als éischt aktiv ginn, éier ee sech vun den Exposanten hëllefe kéint loossen.

D'Vertrieder vun der ACEL gesinn d'Event immens positiv a stinn de Jonken sou gutt et geet zur Säit a probéieren op all Fro déi passend Äntwert ze fannen. De Sven Bettendorf vun der ACEL huet erkläert, datt et hinnen als Daachverband wichteg ass, als eng Aart Vermëttler tëscht de Schüler an den eenzele Cerclen ze funktionéieren. D'Studentefoire ass eng gutt Occasioun, sech iwwert säin zukünftege Wee z'informéieren a sech richteg beroden ze loossen.

An jo, och dëst Joer ginn et nees genuch Bicker...