Fleesch aus dem LaboEng Alternativ mat e puer Schwächten

Keng Massendéierenhaltung, keng Déieren, déi geschluecht ginn, manner Plaz a manner negativ Auswierkungen op d'Klima. Dat versprécht d'In-vitro-Fleesch.

Leschten Update: 07.11.2019, 16:31:12

© Pixabay

Et ass eng Visioun, déi vill Diskussiounen, Problemer a moralesch Bedenke ronderëm eist Iessen op ee Schlag kéint iwwerflësseg maachen – Fleesch aus dem Reagenzglas. Keen Déier misst dofir stierwen, et kéint een d'Fleesch an alle Formen hierstellen, d'Massendéierenhaltung géif ewechfalen an theoretesch dierf d'Masseproduktioun kee Problem sinn. Ma och wann déi éischte kënschtlech Burger, Steaken a Boulette scho méi laang Realitéit sinn, ginn et nach vill Problemer, déi bis zu engem ausgeräifte Produit musse geléist ginn.

Déi éischt Boulette 2013
Fuerscher schaffe schonn zanter Joren um sougenannten In-vitro-Fleesch, also Fleesch, dat gewëssermoossen am Labo wiisst. 2013 gouf déi éischte Boulette aus Rëndsfleesch, respektiv aus Muskelstammzelle vu Ranner déi am Reagenzglas geziicht gi sinn, zerwéiert. Gutt war se anscheinend net an iwwerhaapt war de Präis mat ronn enger véierel Millioun pro Boulette liicht ze héich.
Ma et huet gewisen, dass et méiglech ass.

© HO / MAASTRICHT UNIVERSITY / AFP


An u sech ass et och mat all Déieregattung méiglech, de Moment gëtt z.B. och u kënschtlechem Fësch geschafft.

Effektiv hunn an der Tëschenzäit vill Entreprisen ugekënnegt, Fleesch bannent nëmmen e puer Joer zu Maartpräisser kënnen ze verkafen – an dat ouni dass en Déier dofir stierft an dat op däitlech manner Raum.

Vill Energie fir Produktioun néideg
Ma während domat och eppes fir d'Klima soll gemaach ginn, gesäit d'Realitéit elo nach anescht aus. De Moment kann d'Fleesch nämlech nach net en Masse hiergestallt ginn.

Wann et bis esou wäit ass, da wäert och dat wuel immens vill Energie verbrauchen. Fir d'Klima ass dat also - Stand elo - nach keng wierklech Alternativ.

Dobäi kënnt, dass den zweeten an u sech de Kärpunkt, nämlech d'Wuel vun den Déieren, och nach net befriddegend ass.

1 Liter Blutt pro Kalleffötus
Fir nämlech den Zellkulturen, déi am Labo zu Fleeschstécker eruwuessen den néidegen Nierstoff ze ginn, ass sougenannte „fötale Kallefsserum“ néideg. Dofir muss dem Kalleffötus, wann e bis aus der geschluechter Kou erausgeschnidde ginn ass nach lieweg mat enger Nol d'Blutt aus dem Häerz gezu ginn. Dat iwwerlieft de Fötus natierlech net.

Ma un Alternative gëtt scho gefuerscht, verschidden Entreprise wëllen der och scho fonnt hunn. An alles weist dorop hin, dass an noer Zukunft déi béid grouss Problemer kënne geléist ginn.