ItalienKannersëtzer mat Alarmsystem gi Flicht

An Italien gi Kannersëtzer mat engem spezielle Warnsystem obligatoresch. Virun allem soll evitéiert ginn, datt Kanner bei extremer Hëtzt vergiess ginn.

Leschten Update: 08.11.2019, 13:43:30

© Unsplash

Italien huet sech e Konzept afale gelooss, dat am schlëmmste Fall Liewe rette kann: Engem neie Gesetz no mussen Elteren d'Kannersëtzer vun hire Klengste vu bis zu 4 Joer mat engem Alarmsystem oprëschten.

Lauschtert eran!

Dem Gesetz no muss de Warnsystem automatesch aktivéiert ginn, esou bal de Chauffer den Auto verléisst an e Kand zeréckléisst. Ass dat de Fall, gëtt deejéinege mat akusteschen, also haarde Geräischer, awer och visuelle Signaler erënnert. Wéi den zoustännegen italienesche Ministère ergänzt, kann de System och eng Noriicht via SMS oder WhatsApp schécken, falls de Chauffer awer schonn net méi an der Géigend vum Auto ass an d'Kand vergiess huet.

Et handelt sech heibäi ëm en externen Apparat, deen um Kannersëtz integréiert muss sinn a mam Auto verbonnen ass. Zënter e puer Jore kann een awer schonn op esou e System zeréckgräifen, bis ewell war et just keng Flicht. D'Reegelung gëllt awer fir Leit, déi hire Wunnsëtz an Italien hunn. Fiert een an Italien an d'Vakanz, ass dat also net de Fall. Ma lount ee sech dohannen en Auto, sollt een am Viraus kucken, ob esou e System am Auto integréiert ass.

Wien d'Flicht ignoréiert ka mat 81€-326€ Geldstrof rechnen an um Führerschäi kënne bis zu 5 Punkten ofgezu ginn. Donieft kann ee sech op e Fuerverbuet vun op d'mannst 15 Deeg astellen, wann ee bannent 2 Joer nach eemol géint d'Virschrëft verstéisst. Trauregen Hannergrond ass: An de leschte Joren si vill Fäll bekannt ginn, datt kleng Kanner bei enormer Hëtzt stonnelaang am Auto sëtze gelooss goufen. D'Reegelung soll am Mäerz 2020 a Kraaft trieden.