Vu Beatles bis DrakeDéi erfollegräichst Kënschtler vun hirer Zäit

Ee Video weist di erfollegräichst Kënschtler vun 1969 bis haut a liwwert e puer iwwerraschend Erkenntnisser.

11.11.2019, 04:00:19

© AFP/Chris Delmas

Säit e puer Deeg ass ee Video an de soziale Medien ganz beléift. Hei ze gesinn ass, wéi di erfollegräichst Kënschtler an de leschte 50 Joer changéiert hunn

Erstellt gouf de Film vum YouTube-Channel "Global Stats", deen heifir gekuckt huet, wéi eng Placke sech tëscht 1969 an 2019 am beschte verkaf hunn. Och wa villes previsibel ass, liwwert de Video e puer erstaunlech Informatiounen.

Sou goufen d'80er Jore komplett vum Michael Jackson dominéiert. Eréischt 1991 gouf hie vun der Spëtzepositioun gekickt. 2 Joer stoung dunn d‘Madonna ganz uewen, ier nees de King of Pop iwwerholl huet.

D'2000er bréngen den Hip-Hop weltwäit an d'Charts. Den onëmstriddene King vum Genre ass dobäi den Eminem. Kee Kënschtler verkeeft an deem Joerzéngt méi Placke wéi hien. Gläichzäiteg packen et och weider Rapper ganz vir an d’Charts, wéi den Jay-Z an de Kanye West.

2008 fänke weiblech Kënschtlerinnen un d’Charts ze bestëmmen: D'Rihanna léist den Eminem un der Spëtzt of – a mam Lady Gaga, Katy Perry, Adele an Taylor Swift si weider Sängerinnen an den Charts.

Vun 2013 u gehéiert d’Pole Position dann dem kanadesche Rapper Drake.

Wann een d'Verkafszuelen kuckt, spréngt och een erstaunlechen Trend an d’An. An de leschte 5 Joer kommen d'Musiker op Wäerter, vun deene fréier Kënschtler just dreeme konnten. Allerdéngs ginn hautzedaags och digital Verkeef a Streaming-Opruff matgezielt. Een direkte Verglach mat fréiere Kënschtler ass dowéinst net méiglech.