Gutt fir Kierper a GeeschtWéi vill Musek ass gesond?

Musek hëlleft ëmmer: Ob beim Auskräischen no enger Trennung oder fir Euphorie ze tanken. Mee wéi vill Musek lauschteren deet eis gutt?

Leschten Update: 10.11.2019, 12:34:46

© Pexels

De franséische Streaming-Déngscht Deezer huet vu Fuerscher un der British Academy of Sound Therapy wëssenschaftlech iwwerpréiwe gelooss, wéi vill Musek den Dag gutt fir eis ass. Déi hu bei 7500 Kandidate gekuckt wéi sech Musek op Geescht a Kierper auswierken.

Eraus komm ass eng recommandéiert Dages-Dosis u Musek vun 78 Minutten. Am beschten net monoton ëmmer dat selwecht, mee op verschidde Genren a Stiler opgedeelt.

14 Minutte Musek, déi opbaut, also zum Beispill mat Texter, déi een aus dem Stëmmungs-Déif zéien, fir sech nees glécklech ze fillen. 15 Minutte motivéierend Musek, sief dat duerch Lyrics, déi „pushen“ oder generell eppes wat matrappt.


Et soll awer net ëmmer haart a séier sinn: Wien traureg ass, kënnt de Fuerscher no mat 16 Minutten déifgrënneger Musek aus dem Déif. Wien ze opgedréint ass, soll sech och 16 Minutten Entspanungs- a Meditatiouns-Musek gënnen.

Géint Roserei hëlleft „dynamesch“ Musek: 17 Minutten den Dag brauch ee fir Damp ofzeloosse.


Konkret Genrë sinn dat awer keng. Dofir huet een d’Kandidate gefrot, wat si a verschiddene Situatioune lauschteren: Pop-Musek huet deemno dee gréissten Effekt a léist déi meeschte Glécksgefiller aus. Déi hëlleft och bei der Entspanung. Klassesch Musek bitt sech hei natierlech och un.
Lauschtert hei de ganze Reportage

Och bei Konzentratiounsproblemer kënnt dir op Beethoven a Co. zeréckgräifen. A wat hëlleft bei Roserei? Rock n’Roll! Sou maachen et déi meescht, 1/5 lauschtert awer léiwer lues Musek fir erëm „Zen“ ze ginn.

Wéi eng Musek ee brauch fir Gefiller an déi richteg Bunn ze lenken, ass bei all Persoun verschidden an huet och mat de Genen ze dinn.