Disney+Enn Mäerz a weideren europäesche Länner disponibel

Wéi Disney+ op Twitter ugekënnegt huet, kënne sech Fans an Europa freeën: A weideren europäesche Länner gëtt de Streamingdéngscht am Mäerz 2020 lancéiert!

Leschten Update: 08.11.2019, 17:37:27

© YouTube Screenshot

Schonn elo am November start den neie Streamingdéngscht Disney+ an den USA, Kanada an Holland, ma elo goufe weider europäesch Länner annoncéiert!

Vum 31. Mäerz nächst Joer un ass den Déngscht nieft Groussbritannien och an Däitschland, Frankräich, Italien a Spuenien disponibel. Fir Leit, déi an eisen Nopeschlänner wunnen, ass dat deemno eng gutt Noriicht! Wéini aner Länner nozéien, gouf awer net matgedeelt.

Natierlech wäert Disney+ eng grouss Konkurrenz fir Netflix a Co. duerstellen. Vun Ufank u sollen zum Beispill méi wéi 600 Filmer, Serien a soss Titelen zur Verfügung stoen. Zemools d'Disney-Klassiker wäerte vill Leit unzéien.