Digital TechnologienICT a Klimaschutz zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg soll den ICT-Secteur konsequent ausgebaut ginn. Et stellt sech awer d'Fro, ob dat mam Klimaschutz iwwertenee ka goen.

Leschten Update: 08.11.2019, 18:55:15

© Eldoradio

Lëtzebuerg soll europäesche Spëtzereider am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië ginn. Nieft der Finanzplaz soll den ICT-Secteur dat zweet Standbee vun der Lëtzebuerger Ekonomie ginn. Dem Energieminister Claude Turmes no ass Lëtzebuerg scho gutt opgestallt, fir dëst Zil an Zukunft ze erreechen.

Lauschtert hei de Reportage

Esou sollen d'Post a Luxconnect an de leschte Joeren hei am Land schonn eng ganz Partie Datenzenteren opgebaut hunn. Allerdéngs huet dësen Ausbau eng net ze ënnerstëtzend negativ Säit. Duerch déi ganz Elektrizitéit, déi virun allem fir d'Bedreiwe vu groussen Datenzentere gebraucht gëtt, stéisst den ICT-Secteur mëttlerweil esou-vill CO2 an engem Joer aus ewéi de Fluchsecteur. Deem wëll een hei am Land entgéintwierken andeems een op europäeschem Plang Standarde fir d'Effizienz vun esou Zentere festleet.

Doduerch soll séchergestallt ginn, dass an Zukunft nëmmen nach Datenzenteren hei am Land gebaut ginn, déi esou wéineg Stroum verbrauchen ewéi méiglech. Dass eng Partie vun de groussen Internet-Entreprisen sech dozou verflicht huet nëmmen nach Stroum aus erneierbaren Energien ze notzen, dierft zwar ee Schrëtt an déi richteg Richtung sinn, geet dem Energieminister no awer net duer. Google, Facebook, Google a Co missten och dofir suergen, dass si allgemeng manner Stroum verbrauchen. Déi nei Technologien halen allerdéngs och vill Chancë bereet fir Energie an domadder CO2 ze spueren.

Esou zum Beispill andeems een den Energieverbrauch vu grousse Gebaier duerch digital Systemer steiert. A Kombinatioun mat energieeffizienten Datenzenteren kéint een enger Etüd vum renomméierte Frauenhofer Institut an Däitschland no duerch esou Moossnamen 8 bis 10 Prozent un CO2-Ausstouss aspueren. Op den Ausbau vum ICT-Secteur hei am Land mam Klimaschutz kompatibel ass, hänkt also ganz dovun of, ewéi dësen Ausbau konkret ëmgesat gëtt a wéi dës Technologien agesat ginn.