Dag vum Bam 2019Klimaschutz: 99 Beem zu Schëffleng geplanzt

E Samschdeg war déi 28. Editioun vum Dag vum Bam zu Lëtzebuerg. Zu Schëffleng goufe genee 99 Beem geplanzt, déi eng speziell Symbolik haten.

Leschten Update: 11.11.2019, 09:13:59

© Eldo

1992 gouf op nationalem Plang den Dag vum Bam vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur agefouert. Zu Schëffleng goufen dëst Joer 99 Weide geplanzt, déi di 99 Nationalitéite vun der Gemeng duerstelle sollen. Déi Plaz op déi d’Beem stinn, gëtt elo "Natiounewee" genannt.

Beem planze gëtt jo als eng Léisung géint de Klimawandel ugesinn. Mat esou Aktioune wéi déi heite sollen eis Bëscher zu Lëtzebuerg méi gesond ginn an d’Biodiversitéit erhale ginn. An der Schëfflenger Gemeng ginn, also de Klimaschutz an d’sozial Kohesioun ervirgehuewen.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, erkläert datt een d'Leit op d'Wichtegkeet vun de Beem sensibiliséiere soll. 

© Eldo

Beem droe ganz vill dozou bäi, datt den CO2 an eiser Loft reduzéiert gëtt. Beem planze soll deemno e konkreten Impakt op Loft- a Waasserqualitéit hunn.

Obwuel dëst wichteg ass, hu Fuerscher behaapt, dass dat awer net duer geet. Et misst een also och op aner Aktioune Wäert leeën. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch confirméiert datt zu Schëffleng villes gemaach gëtt fir d'Ëmwelt.

D’Gemeng Schëffleng krut leschte Mount mat 4 anere Lëtzebuerger Gemengen de Gold Award, déi héchsten Auszeechnung vum European Energy Award. Domat gi Gemengen encouragéiert déi sech fir eng nohalteg Zukunft asetzen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Links