London CallingMoving to Mars

Wéi liewe mer eng Kéier um Mars? Mat dëser Fro beschäftegt sech elo eng nei Ausstellung hei zu London.

11.11.2019, 07:59:23

© pixabay.com

Dës Joer sinn et genee 50 Joer hier, dass deen éischte Mënsch um Mound gelant ass. A wärend dësen Anniversaire mat enger Rëtsch Filmer, Serien an Ausstellungen zelebréiert gouf, stellt sech zënterhier d’Fro, wéini d’Mënschheet et bis op de Mars packt. Obwuel et nach e puer Joerzéngten wäert daueren bis dat de Fall ass, esou beschäftegt sech awer elo eng nei interaktiv Ausstellung hei an der britescher Haaptstad domadder, wéi eist zukünftegt Liewen um Mars wuel ausgesi wäert.

Lauschtert hei de Reportage:


An dëser Ausstellung – déi zesummen mat der NASA an der Europäescher Raumfaart Agence zesummegestallt gouf – gesäit een zum Beispill eng Sond, déi d’nächst Joer op de Mars geschoss gëtt. Et léiert een wat fir eng Kleedung Astronauten undoe mussen fir um Mars, dee just een Drëttel vun der Erdunzéiungskraaft huet, ronderëm kënnen ze trëppelen. An et kann een an en Haus goen, dat aus dem 3D-Drucker kënnt a wahrscheinlech esou eng Kéier um Mars gebaut ka ginn.

© pixabay.com

D’Ausstellung mam Numm "Moving to Mars" kann een sech am Design Museum am Weste vu London fir ronn 20 Euro nach bis den 23. Februar d’nächst Joer ukucken.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter