NewsChrëschtmäert an der Stad sinn op

D’Frënn vum Glühwäin kënne sech freeën: nodeems d’lescht Woch den Escher Chrëschtmaart opgaangen ass, ass et elo un de Chrëschtmäert an der Stad.

Leschten Update: 21.11.2019, 15:40:18

© Eldoradio

De gutt gefëllte Programm vum Winterlights-Festival an der Stad fänkt den 21. November un. Am Ganze sinn et 124 Chalete verdeelt op 6 Sitten.

D’Chrëschtmäert si wéi all Joer ënnert anerem op der Plëss, um Knuedler a bei der Gëlle Fra ze fannen. Wéinst dem Tramschantier huet de Maart vun der Paräisser Plaz an d’Stroossbuerger Strooss misse plënneren.

D’Äispist "Knuedler on Ice", déi all Joer immense Succès huet, ass an der Woch vun 11 bis 21 Auer op, freides a samschdes souguer bis 22 Auer. Op Silvester ass se am Kader vun engem speziellen Event bis 2 Auer an d’Nuecht eran op.

© Eldo

Nei dëst Joer sinn eng Aart Adventskalenner mat verschidden Animatiounen op der Plaz Emile Hamilius, eng "Tree Light Show" op der Plëss an de sougenannten "Wanterbësch" um Square Jan Palach. Hei ginn et all Dag Animatiounen, et kann ee sech bei engem Feier opwiermen an eppes iessen an drénken.

Samschdes a Sonndes sinn d'Stater Bussen, den Tram an och verschidde Parkinge fir de Public gratis.

© Eldo

D'Police ass da preventiv a reegelméisseg op der Plaz. Wann engem eng suspekt Persoun oder soss eppes Verdächteges opfält, soll een dat mellen. Natierlech soll ee besonnesch op seng eege Saachen oppassen: Esou Plazen, grad Chrëschtmäert, si bei Déiwe besonnesch beléift an et kritt een dacks net direkt mat, datt een Affer ginn ass.

De Gros vun de Wantermäert geet da bis den 23. respektiv 24. Dezember. D’Äispist um Knuedler ass bis de 5. Januar sonndes op.

© Eldo

Links