"the joy of missing out"Firwat et gutt deet, och mol doheem ze bleiwen

Fréier wollt ee näischt verpassen, haut ass een dacks frou, wann e Rendezvous ofgesot gëtt an een op der Couche ka leie bleiwen.

Leschten Update: 18.11.2019, 22:06:30

© Unsplash

Wësst der nach, wéi dir genervt waart, wann een iech ofgesot huet? Net dass dir da misst doheem bleiwen, nee, dann ass séier no enger anerer Optioun gesicht ginn. Ma haut gesäit dat dacks e bëssen anescht aus: Dir kritt ofgesot, schreift zwar "Oh nee, dat ass awer schued" an "Mir huelen dat direkt no", mee eigentlech sidd dir ënnerlech erliichtert: ECH KANN DOHEEM BLEIWEN! Wann dir iech hei erëmerkennt, kënnt der berouegt sinn, well dir sidd net eleng!



Et gëtt souguer e Begrëff, deen et beschreift: JOMO alias "the joy of missing out", also d'Freed, eppes ze verpassen. JOMO gëtt vu villen als Aart Géigebeweegung vu FOMO, also "the fear of missing out" verstanen: Wéi schonn erkläert, wëll een zemools a jonke Joren näischt verpassen an iwwerall dobäi sinn. Ma wann een nonstop ënnerwee ass a sech keng Paus gënnt, kann dat och ongesond Zich unhuelen – vläicht ass dat och den Hannergrond vun der JOMO-Beweegung.

Mir sollen eis selwer entlaaschten, de Stress - dee mir vläicht net als esou ee wouer huelen - mol reduzéieren an einfach komplett ofschalten. Dat individuellt Wuelbefanne steet hei am Fokus, grad esou wéi déi eegen Ziler a Bedierfnesser: Et geet drëms Prioritéiten ze setzen. Dat heescht net, datt ee sech an den eege 4 Wänn aspäre soll. Et soll ee sech bewosst maachen, datt een net alles matmaache muss. Wéi dat geet? Stéchwuert "digital detox".

Et si grad déi sozial Medien, déi eis weisen, wat wien wéini mécht. Den Handy einfach mol ewechleeën, och wann een op der Couche läit. Net nonstop Instagram a Co. duerchscrollen a sech op d'Realitéit konzentréieren. Och wann d'Kolleegen engem verspriechen, et géif dee legendäersten Owend iwwerhaapt ginn: Vläicht muss ee sech och heiansdo soen, datt et net schlëmm ass, mol eng Party ze verpassen, well déi nächst steet sécher schonn nees virun der Dier!

Lauschtert eran!