Esou praktesch a kee weess dovunnerSaachen, déi jidderee falsch benotzt

Feeler mécht jiddwereen. Et ginn awer genuch alldeeglech Saachen, déi mir all Kéier falsch maachen. Hei sinn "Lifehacks", déi äert Liewe verännere wäerten!

Leschten Update: 25.11.2019, 08:33:59

© Pexels

Wann een eppes an engem Dëppe kacht, kann een nach esou fläisseg mam Holz-Läffel réieren. Dat bréngt d’Iessen och net méi séier op den Dësch. Also, einfach mol ofwaarden an de Läffel op d’Dëppe leen. Falsch! Firwat benotzt dir net einfach dat Lach am Grëff vum Dëppen? Do kann een de Läffel ganz einfach erastellen, wann e grad net gebraucht gëtt.

© YouTube Screenshot

Komme mer bei dat nächst praktesch Lach, vun deem bal kee weess. A gleeft mir, dir wäert ni méi dorop verzichten.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Oder sidd dir net genervt, wann dir eng Béchs mat ärem Liblingsgedrénks genéisse wëllt, d’Kuelesaier de Schallimo awer ëmmer nees erop dréckt? Dofir huet de Stopp, deen "Zipi" fir d’Béchs opzemaachen, e kléngt Lach. Schallimo dragestach, da beweegt dee sech och net méi.
© YouTube Screenshot

An och de Caddie, dee mir jo reegelméisseg duerch de Supermarché kutschéieren, huet säi Geheimnis. Hannert dem Kannersëtz gëtt et e Krop aus Metall, verschidde Weenercher hunn där och méi. Doru kann een einfach seng Tuten, natierlech recyclabel, befestegen, an domadder Plaz beim Akafe spueren.


Wie mol eng Kéier net vill Zäit huet, gënnt sech heiansdo asiatesch Nuddelen aus der To-Go-Box. Wann dir déi doheem oder op der Aarbecht genéisst, klappt dach d’Box ganz op, sou dass dir quasi en Teller aus Kartong hutt. Wierkt iergendwéi manner stresseg an d’Iesse léisst sech besser mëschen.


A wësst dir wat? Och d’Banann hutt dir bis elo falsch geschielt. Nämlech op där Säit vum Still, obwuel et déi aner Säit méi einfach geet. D’Afe maachen et och esou, an déi mussen et jo wëssen...