Nogefrot!Gëllen an ärem Auto bestëmmte Reegelen?

Mäin Auto, meng Reegelen - ganz einfach, oder?

Leschten Update: 03.12.2019, 06:43:42

© Unsplash

"Ah pardon, kéints du wannechgelift net a mengem Auto iessen?" ass nëmmen ee vu ville Sätz, déi een an engem anere sengem Gefier héiere kann.

Dës "Reegelen", déi jidderee selwer opstellt, kënnen esou ënnerschiddlech sinn ewéi den Auto selwer. 

An Däitschland huet eng Autosversécherung eng Ëmfro lancéiert, déi erginn huet, dass 69 Prozent vun de Befroten e Fëmmverbuet an hirem Auto opgestallt hunn. Eng aner beléift Reegel ass: "Keen Iessen - dat grimmelt a mengem Auto".

Well et zu Lëtzebuerg keng sou Ëmfro gëtt, hu mir selwer nogefrot, wat dir esou fir Reegelen an ärem Auto opgestallt hutt!

Lauschter eran!