Nogefrot!Kleeserchersdag een offizielle Feierdag - Jo oder Nee?

Eng Petitioun fuerdert, dass de 6. Dezember en neien unerkannte Feierdag gëtt. Wat haalt dir dovunner?

Leschten Update: 28.11.2019, 07:55:29

© Pexels

D'ëffentlech Primaireschoulen zu Lëtzebuerg hunn de 6. Dezember schoulfräi. Net all Elterendeel ka sech deen Dag awer Congé ufroen, respektiv kritt dësen accordéiert.

D'Petitioun 1421 vum 20. Oktober fuerdert dofir, dass Kleeserchersdag, also de 6. Dezember, een offizielle Feierdag gëtt an d'Elteren esou dësen Deel vun der Lëtzebuerger Traditioun mam Kand verbrénge kënnen. 

D'Meenungen si gespléckt an net jidderee stëmmt dëser Petitioun zou, anerer wiere méi ewéi frou och ouni Kanner einfach een Dag méi fräi ze hunn. 

Wat haalt dir dovunner? Mir ware mam Mikro eraus an hunn iech dat gefrot:

Lauschter eran!

LINK / Hei geet et bei d'Petitioun!