Horrorvirstellung GeeschterfuererWéi reagéiert ee richteg?

Et ass wuel eng vun de schlëmmste Situatiounen, déi een am Stroosseverkéier kann hunn: E Chauffer, deen engem op der nämmlechter Spuer entgéint kënnt.

Leschten Update: 25.11.2019, 17:28:39

© Eldoradio

Engem Geeschterfuerer ze begéinen zielt wuel zu de groussen Ängschte vun all Autosfuerer. An esou enger Situatioun séier reagéieren a genee wëssen, wat ze maachen ass? Vläicht méi einfach gesot, ewéi am Endeffekt gemaach. De Laurent Lentz vun der Lëtzebuerger Verkéierspolice:

"Esou riets wéi méiglech sech halen, och op der Pannespuer fueren. A seng Vitess staark reduzéieren, awer net stoe bleiwen, fir nach kënnen op alles ze reagéieren, wat deemno ewéi geschitt. An no Méiglechkeet muss een natierlech och d'Police ruffen."

Lauschtert eran:

Chauffere ginn net fräiwëlleg zum Falschfuerer

Well et an de meeschte Fäll esou ass, datt de Geeschterfuerer net fräiwëlleg zum Falschfuerer gëtt, probéiert dësen am éischte Reflex sech riets ze halen. Esou kann de Risiko vun enger Kollisioun also reduzéiert ginn, wann ee selwer och riets fiert. Aus ganz verschiddenen Ursaache kann een op eemol op der falscher Stroossesäit landen.

"Geeschterfuerer sinn oft Leit, déi desorientéiert sinn, respektiv eigentlech deen Ament guer net méi fueren dierften. Sief et well se zum Beispill Alkohol oder Droge consomméiert haten oder well se vläicht ënnert diverse Krankheeten ewéi Demenz leiden (...). Eventuell sech bei der Opfaart ieren an dann de falsche Wee op der Autobunn sinn. (...) Mangel un Uertskenntnis."

Ënnert anerem Strof vun 145€ an 2 Punkten

Ma och wann et dacks net mat Absicht geschitt, fält d'Fueren an déi falsch Richtung op der Autobunn an d'Kategorie vun den "contraventiouns graves". Heescht als Geeschterfuerer muss ee mat enger Geldstrof vun 145€ a 2 Punkte rechnen. D'Affär kann natierlech och viru Geriicht kommen, wann de Geeschterfuerer en Accident provozéiert, esou de Chef vun der Verkéierspolice.

"Et ass awer esou, datt mer leider 2018 zum Beispill een Doudesaffer ze bekloen haten duerch e Geeschterfuerer (...) a mer och reegelméisseg dann eben Asätz hunn, wou mir Geeschterfuerer stoppe respektiv untreffen, wann ee säin Auto am gaangen ass nach op der Autobunn ze dréinen."

Donkelziffer ass héich

Statistike ginn et keng, ma awer géif reegelméisseg festgestallt ginn, datt et Geeschterfuerer op de Lëtzebuerger Stroosse ginn. Dem Laurent Lentz no kann ee Grond sinn, datt et eng grouss Donkelziffer gëtt: Net all Fall gëtt der Police gemellt an och net all Falschfuerer gëtt vun anere Chauffere gesinn. Begéint dir awer engem Geeschterfuerer, gi dir iwwer d'Panneauen op der Autobunn oder duerch Messagen um Radio gewarnt an d'Vitess gëtt op maximal 50 Stonnekilometer erofgesat.