Black Friday a Cyber MondayReduktioune si kee Garant fir eng gutt Affär

Um Black Friday, Cyber Monday a Co heescht et zouschloen. Ma net alles wat reduzéiert ass och wierklech am bëllegsten.

Leschten Update: 26.11.2019, 04:03:17

© Eldoradio

Et heescht erëm e Mount viru Chrëschtdag zouzeschloen an sech iwwer deelweis richteg staark Reduktiounen ze freeën. Ma natierlech kritt een näischt geschenkt, dofir lount et sech op verschidde Saachen opzepassen. Dat gëllt net nëmme fir dat wat ee keeft, mä och bei wiem a wéi.

Net alles wat erofgesat ass, ass och méi bëlleg
Et kribbelt engem jo wierklech e bëssen an de Fangeren, wann een z.B. op Amazon ënnerwee ass an do dausende vun Artikele fënnt, déi deelweis richteg staark reduzéiert sinn. Do kann engem schonn emol de Fanger ausrutschen a schonn huet een eppes kaaft, wat een net brauch, wat awer ebe méi bëlleg wéi soss ass.
Ma iergendwéi freet een sech awer, firwat d’Händler dat Ganzt maachen, bestëmmt net, well se esou spendabel sinn an dofir stellt sech d'Fro, ob z.B. de Black Friday iwwerhaapt de Clienten eppes bréngt.

Speziell fir Lëtzebuerg ginn et elo keng Erfarungswäerter, dofir awer fir eisen Noper Däitschland. Effektiv waren do 2017 z.B. eng ganz Rëtsch gutt Rabatter dobäi. Esou ass bei Stéchprouwe vum Vergläichsportal Idealo.de eraus komm, dass vu 500 Produiten der um Black Friday 381 wierklech méi bëlleg ware wéi nach de Mount virdrun.

Produiten iwwer Vergläichsportaler vergläichen
Ma wéi weess een, dann elo, ob de Produit, deen ee kafe wëllt och wierklech méi bëlleg ass an net virdrun de Präis erhéicht ginn ass, fir en duerno kënnen ouni Verloscht méi bëlleg unzebidden? An Zäite vun Internet kann een dat ouni gréisser Problemer mat Vergläichsportaler erausfannen, déi dee bëllegste Präis uweisen.

Da lount et sech och nach emol d'Beschreiwung vum Produit ze liesen, fir dass een och duerno genee dat richtegt keeft an net mat enger anerer, villäicht manner gudder Variant vun deem wat ee wollt hunn do steet.

Net zu oniwwerluechte Keef verleede loossen
Weider roden d'Experten dozou de Kapp anzeschalten an net einfach eppes ze kafen, nëmme well ee mengt et misst ee profitéieren.

Et lount sech och beim Akaf flexibel ze sinn, heiansdo ass dee selwechte Produit an enger anerer Faarf méi bëlleg. Ass engem dat egal, kann een och hei uerdentlech spueren.

An och wann de Produit bëlleg ass, sollt een nach emol op d'Versandkäschten an d'Méiglechkeete fir en zeréckzeginn oppassen.