Phobien a Co.Dowéinst huet een Angscht viru Spannen

Déi eng fäerte se, déi aner net. D'Meenunge ginn do ganz wäit auserneen. Mee wisou ass dat eigentlech esou?

26.11.2019, 04:00:38

© Pexels

Phobie ginn et der jo eng jett a verschiddener sinn och ganz skurril. Et gëtt awer eng, déi zimmlech sécher all Mënsch e Begrëff ass an dat ass d'Arachnophobie. Anescht ausgedréckt, d'panesch Angscht viru Spannen.

Eng Spann am Haus ass fir vill Leit den absolutten Horror an dat obwuel eng Spann, virun allem an eise Géigenden, engem net wierklech eppes kann undoen. Eng Persoun déi hei zu Lëtzebuerg vun enger Spann attackéiert a blesséiert gouf, héiert ee quasi ni an trotzdeem ass d'Angscht virun de klenge Monstere verbreet.

D'Wëssenschaftler hu verschidden Theorie wisou dat esou ass.

  1. En Evolutiounsbiologeschen Usaz geet dovun aus, dass d'Mënsche virun e puer 100'000 Joer vill mat Spannen ze dinn haten a sech hu misste virun hinne schützen. Dat Verhale kéint iwwert Generatioune verierft gi sinn.
  2. Verschidde Fuerscher vermudden awer och, dass et d'Aart a Weis wéi sech d'Spanne fortbeweegen de Grond ass. Se maache keng Geräischer, beweege sech schnell a kënnen och op ee kloteren. Fir Arachnophobiker den absolutten Horror.
  3. Eng drëtt an och déi Theorie déi d'Fuerscher favoriséieren ass, dass d'Kanner d'Angscht vun den Elteren iwwerhuelen. Wann d'Mamm oder de Papp eng Spann gesinn an da soen:,, Oh eng Spann, degueulasse!'', da kann dat sech op d'Kand iwwerdroen. Dat nennt een d'Modell-Léieren an ass eng Sozialkognitiv Léiertheorie vum kanadesche Psycholog Albert Bandura.

De Grond kenne mer elo. Domat ass zwar nach kengem gehollef, ma eleng de Gedanken, dass eng normal Hausspann engem näischt kann undoen, ka jo eventuell schonn e bëssen hëllefe fir net grad esou ze panikéieren.

Lauschtert eran