Angscht an ZweiwelWann een et einfach net wëll agesinn

Wann e Kolleeg an enger Situatioun stécht, déi him net gutt deet, wëll ee mat gutt geméngte Rotschléi hëllefen - déi kommen awer net ëmmer un.

27.11.2019, 04:00:51

© Unsplash

Vir ewech: Et geet net drëms, en anere vu senger Meenung ze iwwerzeegen. Toleranz ass eng Eegenschaft, déi jiddereen an engem gewëssene Mooss un den Dag leeë soll. Ma sou einfach, wéi gesot, ass et dacks net. Stellt iech dowéinst Folgendes vir: E Kolleeg hält u senger Meenung fest. Am schlëmmste Fall geet et ëm eng Situatioun, an där dës Persoun stécht an déi hir alles anescht ewéi gutt deet. Jiddereen huet dat scho matgemaach.

Ass de Kolleeg einfach net vu senger Meenung ewechzekréien, obwuel een et probéiert a probéiert a probéiert? Vläicht fillt dir iech och grad selwer ugeschwat?

Dann heescht et elo gutt nolauschteren. Et gi Situatiounen, an deenen et genee esou geet an et kann een och eppes dogéint maachen. De Klassiker ass ganz kloer déi toxesch Bezéiung. An all Frëndeskrees fënnt een dës. Déi betraffe Persoun weess ënnerlech, datt dir Recht hutt.

Agestoe wëll si sech dat awer net.

Net just dem Kolleeg oder der Frëndin geet et schlecht, och dir selwer fillt mat a probéiert, net duerchzedréinen - och wann der mat ärem Latäin um Enn sidd. Den nämmlechte Phenomen fënnt een op der Aarbechtsplaz erëm. Den Job ass awer net esou, wéi ee sech dat virgestallt huet?

Aplaz ze kënnegen a sech eppes Neies ze sichen - wat d'Kolleegen engem och roden - schwätzt ee sech dat Ganzt schéin.

E Perspektivewiessel ass hei déi besser Optioun. Genee dorunner kënne sech och Leit halen, déi nonstop u sech selwer zweiwelen: Dir gesitt iech ëmmer méi schlecht ewéi anerer an näischt, wat de Frëndeskrees seet, baut op. Zweiwel un der eegener Persoun an Angscht sinn hei déi grouss Stressfacteuren

Lauschtert eran!

Et erfuerdert Courage, eng Kéier alles op d'Kopp ze stellen, ma et ass am Endeffekt méi wéi do wäert. Dir decidéiert, wéi äert Liewe verleeft an dir kënnt dëse Verlaf zu all Moment komplett änneren. Sidd dofir manner kritesch mat iech selwer.

Dir lieft just eemol, maacht dat Bescht draus!