Besonnesch am WanterVillercher richteg fidderen

Den Hierscht ass ukomm an och de Wanter net méi wäit ewech. Wat bedeit dat fir eis Villerchersaarten?

28.11.2019, 04:00:27

© Pexels

Wärend déi eng Villercher an de Süde fléien an do am waarmen iwwerliewen, bleiwen da och eng ganz Rëtsch zu Lëtzebuerg. Déi Villercher, déi zu Lëtzebuerg bleiwen, mussen enorm Temperatur-Ënnerscheeder aushalen. Dat geet natierlech op d’Käschte vun den Energieressourcen.

Vill kleng Rassen ewéi d'Routbrëschtchen ("Rotkehlchen") weien nëmmen tëscht 10 an 20 Gramm. Dowéinst ass et wichteg, dass si reegelméisseg a vill Nahrung zou sech huelen. Schonn een niddregen Energieverbrauch schléit op hiert Gewiicht an et ass verständlech, dass e puer Gramm Gewiichtsverloscht séier zum Doud féiere kënnen.

Villercher fidderen ass deementspriechend ni verkéiert an och wéinst dem enorme Réckgang vun Insekten dat ganzt Joer ze empfeelen.

Virausgesat et passt een op e puer Saachen op:

  1. Eng Plaz mam Fudder muss ëmmer dréche gehale ginn. Gëtt d’Fudder nämlech naass, gëtt et dacks séier schlecht a kann d’Villercher krank maachen.
  2. Och d'Hygiène spillt eng wichteg Roll, fir dass Krankheeten sech net verbreede kënnen. D’Fudder-Haiser also reegelméisseg mat waarmem Waasser botze fir Krankheeten ze vermeiden.
  3. D’Fudder-Haiser mussen taktesch clever stoen. Wäit genuch vu Glas a Spigelen, fir dass déi net zur Fal fir d’Déiere ginn an no genuch vun Hecken a Beem, falls d’Villercher sech verstoppe wëllen.
  4. Sonneblummekären an Afennëss si gutt Allrounder a sollten a kengem Fudder-Haus feelen. Ma verschidde Rassen iesse verschidde Kären, heescht wat d'Fudder-Palett méi ënnerschiddlech Kären opweist, wat besser.
  5. Brout, Fleesch a gesalzten Nahrungsmëttel insgesamt hunn am Villerchersiessen näischt ze sichen. 
Lauschter eran!

Villerchersfudder selwer maachen!

Ingredienten:

Kokosfett

Verschidde Kären (z.B Sonneblummekären, Afennëss, Haffer)

Forme fir Kichelcher auszestiechen oder Silikonsformen

Alufolie

Zännstocher

Schnouer

© Screenshot YouTube

  • Ausstiecher op enger Säit mat der Alufolie zou wéckelen, soudass eng Flëssegkeet dra geschott ka ginn, dat ouni dass se ausleeft oder d'Silikonsform just prett halen.
  • Kokosfett schmëlzen a waarde bis et minimal déckflësseg gëtt.
  • Fänkt et un erëm fest ze ginn, Käre bäimëschen a gutt réieren (net ze vill Käre soss hält d’Fett d’Kären net méi zesummen).
  • Dës déckflësseg Mëschung elo an d'Forme schëdden an en Zännstocher dra stellen, sou dass ee Lach fir de Fuedem fräi bleift.
© Screenshot YouTube

  • Wann dat Ganzt komplett ofgekillt an doduerch erëm fest ass, kann een d’Fett-Kichelcher aus der Form huelen an de Fuedem duerch zéien.
  • Se sinn elo prett fir am Gaart oder um Balcon opgehaangen ze ginn.
© Screenshot YouTube